Dës Säit befaasst sech mam Joer 1975.
D'Joer 1975 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
- 17. Abrëll: Phnom Penh, d'Haaptstad vu Kambodscha gëtt vun de Roude Khmer ënner dem Pol Pot ageholl.
- 30. Abrëll: De Vietnamkrich geet mat der Eruewerung vu Saigon duerch déi kommunistesch Forcen op en Enn. D'Regierung vu Südvietnam kapituléiert komplett an déi lescht Amerikaner verloosse gaangs d'Land.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
- Den Amerikaner Bill Gates grënnt zesumme mam Paul Allen d'Firma Microsoft.
Sport
- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion am Foussball, den US Rëmeleng gewënnt d'Coupe du Luxembourg.
- 16. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.
- 08. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976 0:1 géint Holland.
- 22. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Spakenburg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1976, 1:2 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Louis Margue geschoss.
- 01. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.
- 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.
- 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Szombathely, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976, 1:8 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.
- 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ensdorf 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.
Gebuer
- 000Gwenaël Kerléo, franséisch Harfspillerin.
- 11. Januar: Matteo Renzi, italieenesche Politiker.
- 14. Januar: Annick Sinner, lëtzebuergesch Léierin an Illustratorin.
- 15. Januar: Fabienne Biever, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Sophie Wilmès, belsch Politikerin.
- 04. Februar: Natalie Imbruglia, australesch Sängerin a Schauspillerin.
- 05. Februar: Mike Feyder, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 07. Februar: Barbara Samson, franséisch Schrëftstellerin.
- 10. Februar: Kool Savas, däitsche Rapper.
- 18. Februar: Igor Dodon, moldawesche Politiker a Staatspresident.
- 22. Februar: Drew Barrymore, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. Februar: Jean-Marie Reding, lëtzebuergesche Bibliothecaire.
- 03. Mäerz: Thorunn Egilsdottir, lëtzebuergesch-islännesch Tëleespresentatrice, Sängerin a Model.
- 12. Mäerz: Sigmundur Davíð Gunnlaugsson, islännesche Politiker.
- 15. Mäerz: Wesselin Topalow, bulgaresche Groussmeeschter am Schach.
- 19. Mäerz: Marco Engleitner, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 28. Mäerz: Anne Schiltz, lëtzebuergesch Anthropologin.
- 17. Abrëll: David Laborier, lëtzebuergesche Museker.
- 26. Abrëll: Joey Jordison, US-amerikanesche Museker.
- 27. Abrëll: Jeanine Unsen, lëtzebuergesch Fotografin.
- 30. Abrëll: Alija Bešić, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 01. Mee: Yves Cruchten, lëtzebuergesche Politiker.
- 02. Mee: David Beckham, brittesche Foussballspiller.
- 03. Mee: Marc Limpach, lëtzebuergesche Jurist, Schauspiller, Dramaturg an Auteur.
- 09. Mee: Pascale Hansen, lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin
- 10. Mee: Frank Engel, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Jonah Lomu, neiséilännesche Rugbyspiller.
- 04. Juni: Angelina Jolie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juni: Wladimir Kramnik, russesche Schachmeeschter.
- 24. Juni: Alain Marchetti, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 27. Juni: Tobey Maguire, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Juni: Ralf Schumacher, däitsche Formel-1-Pilot.
- 04. Juli: Yann Tonnar, lëtzebuergesche Filmmécher.
- 06. Juli: 50 Cent, US-amerikanesche Rapper.
- 25. Juli: Grégoire Colin, franséische Schauspiller.
- 26. Juli: Liz Truss, brittesch Politikerin.
- 03. August: Evika Siliņa, lettesch Politikerin.
- 08. August: Serge Maes, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 18. August: Natalia Filatkina, russesch Linguistin.
- 09. September: Michael Bublé, kanadesche Sänger.
- 14. September: Erik Schmidt, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 16. September: Luc Loesch, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 20. September: Juan Pablo Montoya, kolumbianesche Formel-1-Pilot.
- 28. September: Ana Brnabić, serbesch Politikerin.
- 05. Oktober: Kate Winslet, brittesch Schauspillerin.
- 06. Oktober: Peter Pellegrini, slowakesche Politiker.
- 08. Oktober: Philippe Felgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Oktober: Anne Kremer, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 19. Oktober: Hilde Gerg, däitsch Alpinschileeferin.
- 30. Oktober: Yves Grandjean, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 02. November: Mike Majerus, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 02. November: Tom Majerus, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 03. November: Alexander De Croo, belsche Politiker.
- 05. November: Benoît Majerus, lëtzebuergeschen Historiker.
- 08. November: Cathy Richard, lëtzebuergesch Filmregisseurin.
- 21. November: Laurent Witz, franséischen Animatiounsfilmregisseur a -produzent.
- 01. Dezember: Steve Fries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Dezember: Milla Jovovich, russesch Schauspillerin a Fotomodel.
- 21. Dezember: Charles Michel, belsche Politiker.
- 30. Dezember: Tiger Woods, US-amerikanesche Golf-Spiller.
Gestuerwen
- 04. Januar: Carlo Levi, italieenesche Schrëftsteller a Moler.
- 09. Januar: Pierre Fresnay, franséische Schauspiller.
- 16. Januar: Renée Passeur, franséisch Schauspillerin.
- 01. Februar: Victor Neuens, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 05. Februar: Foni Tissen, lëtzebuergesche Konschterzéier a Moler.
- 06. Februar: Marcel Feller, lëtzebuergesche Politiker.
- 09. Februar: Pierre Dac (André Isaac), franséischen Humorist.
- 14. Februar: P.G. Wodehouse, brittesche Schrëftsteller a Komiker.
- 14. Februar: Mathias Weishaupt, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 16. Februar: Jacques Hilling, franséische Schauspiller.
- 17. Februar: François Léon Lefort, lëtzebuergesche Botaniker.
- 17. Februar: George Marshall, US-amerikanesche Filmregissuer an Dréibuchauteur.
- 21. Februar: Joseph Lortz, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen an Historiker.
- 28. Februar: Jean Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- 08. Mäerz: Joseph Bech, lëtzebuergesche Politiker.
- 08. Mäerz: George Stevens, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 15. Mäerz: John H. Auer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 15. Mäerz: Aristotelis Onassis, Griichesche Riederei-Besëtzer.
- 16. Mäerz: Perle Mesta, US-amerikanesch Diplomatin.
- 18. Mäerz: Louis Bugette, franséische Schauspiller.
- 19. Mäerz: Harry Lachmann, US-amerikanesche Moler, Zeenograph, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Mäerz: Paul Verhoeven, däitsche Schauspiller a Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Victor Wassenich, lëtzebuergeschen Ornitholog an Zwangsrekrutéierten.
- 27. Mäerz: Frantz Heldenstein, lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.
- 02. Abrëll: Alfred Schmitt, franséischen Astronom.
- 03. Abrëll: Mary Ure, schottesch Schauspillerin.
- 05. Abrëll: Tschang Kai-Tschek, chineesesche Politiker.
- 05. Abrëll: Harold Osborn, amerikanesche Liichtathleet.
- 12. Abrëll: Josephine Baker, US-amerikanesch/franséisch Dänzerin, Schauspillerin, Sängerin a Resistenzlerin.
- 03. Mee: Jean-Pierre Urbing, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 03. Mee: Jean Kraus, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Enseignant a Botaniker.
- 06. Mee: Fernand Verhaegen, belsche Moler.
- 08. Mee: Pol Albrecht, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 18. Mee: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 30. Mee: Michel Simon, franséische Schauspiller.
- 26. Juni: Josémaria Escriva de Balaguer, Grënner vum Opus Dei.
- 27. Juni: Robert Stolz, éisträichesche Komponist.
- 10. Juli: Achille Van Acker, belsche Politiker.
- 13. Juli: Aloyse Deitz, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 09. August: Dmitri Schostakowitsch, sowjetrussesche Komponist.
- 11. August: Anthony McAuliffe, US-amerikanesche Generol am Zweete Weltkrich.
- 27. August: Haile Selassie I. vun Ethiopien.
- 06. September: Marie Clausse, lëtzebuergesch Fraerechtlerin a Resistenzlerin.
- 07. September: Wilhelm Thiele, éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 08. September: Pierre Montazel, franséische Kameramann a Filmregisseur.
- 18. September: Felix Weil, däitsch-argentinesche Mäzen.
- 20. September: Saint-John Perse, franséischen Dichter, Nobelpräisdréier.
- 01. Oktober: Eugène Rodenbourg, lëtzebuergesche Magistrat.
- 27. Oktober: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 30. Oktober: Peter Faber, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Chansonnier a Kabarettist.
- 02. November: Pier Paolo Pasolini, italieenesche Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 10. November: Léon Berens, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 17. November: Rudolf Palgen, lëtzebuergesche Philolog.
- 20. November: Francisco Franco, spuenesche Politiker a Generol.
- 23. November: Ernest Ludovicy, lëtzebuergesche Pedagog a Schrëftsteller.
- 30. November: Tony Jungblut, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist, Geriichtschroniker an Editeur.
- 04. Dezember: Hannah Arendt, däitsch Philosophin.
- 06. Dezember: Franco Pesce, italieenesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Alphonse Turpel, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Journalist.
- 22. Dezember: Mathias Weyrich, lëtzebuergesche Wënzer a Lokalpolitiker.
- 24. Dezember: Bernard Herrmann, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 26. Dezember: Pierre Hentges sen., lëtzebuergeschen Turner, Auteur an Olympionik.
- 29. Dezember: Jacques Zenner, lëtzebuergesche Moler.
- 31. Dezember: Jean Chevrier, franséische Schauspiller.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1975, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.