D'Wierbeldéieren (Vertebrata) sinn en Ënnerstamm vun de Chordadéieren (Chordata).
Zu hinne gehéieren d'Fësch, d'Amphibien, d'Reptiller, d'Vigel an d'Mamendéieren. Déi aarteräichst Grupp bilden d'Fësch mat 28.000 bis 30.000 bekannten Aarten.
Wierbeldéieren | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
Groussen Delfin | |||||||
Systematik | |||||||
| |||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||
Vertebrata Cuvier, 1812 | |||||||
Iwwerklassen | |||||||
Kifermünder |
D'Wierbeldéiere stame vun engem Virleefer of, dee bannen a sengem Kierper eng Stäipstaang, "Chorda" hat. Dës Staang huet sech am Laf vun der Evolutioun zu der Wierbelsail ëmgebilt a sou e ganz neie Kierperbau erméiglecht.
Aus deenen éischte Prototyppe sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sech d'Amphibien gebilt an duerno d'Urreptiller, déi sech a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach gëtt, geneesou wéi och die ausgestuerwe Mieres- a Fluchsaurier an d'Dinosaurier, deenen hir Nokommen d'Vulle sinn.
Aus enger vun deene Reptillelinne (fr.: reptiles mammaliens) sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sech hirersäits nees a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Déi modern Mamendéiere si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z. B. d'Schnieweldéier), Beidelmamendéieren (z. B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu deenen och de Mënsch zielt.
Commons: Vertebrata – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wierbeldéieren, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.