Seegelschëff

E Seegelschëff (Schëffsnumm dacks mat SS uginn) ass e Schëff, dat ganz oder haaptsächlech mat senge Seegelen duerch d'Kraaft vum Wand viru gedriwwe gëtt.

Seegelschëffer waren zanter der Antiquitéit bis zum 19. Joerhonnert déi wichtegst Verkéiersmëttele fir den Transport vu Gidder a Persounen op laange Strecken um Mier. Si goufe vum 19. Joerhonnert u mat Dampschëffer a Motorschëffer ersat. Bis gutt an d'19. Joerhonnert eran, waren och déi meescht Krichsschëffer Seegelschëffer. Kleng Seegelschëffer ginn als Seegelbooter bezeechent.

Seegelschëff
Weltkaart mat Haaptwandrichtungen
Seegelschëff
Dräimastschoner Mare Frisium
Seegelschëff
Zeesenboot, um Groussmast mat Klüver-a Fockseegel a Gaffelseegel ouni Bam, um Besanmast mat Luggerseegel

Opbau a Klassement

Seegelschëffer hunn op d'mannst ee Mast, ee Seegel an och als Géigestéck am Waasser e Kiel, deen déif an d'Waasser era reecht, an ee Schwäert oder méi Säiteschwäerter, besonnesch bei Schëffer mat plattem Buedem.

En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht zwou Aarte vu Seegelen:

  • Rahseegel, déi an enger Rah ugeschloe ginn an haaptsächlech queesch zur Faartrichtung orientéiert sinn, a
  • Schratseegel, déi a Richtung vun der Längt vun der Schëffssachs ubruecht sinn. Zu de leschte gehéieren:
    • Héichseegel oder Bermudaseegel: dräieckege Seegel, déi um oder hanner dem Mast ubruecht sinn an deenen hiren ënneschten Deel hanne vun engem Bam opgespaant gëtt.
    • Gaffelseegel, déi d'Form vun engem Trapéiz hunn an un enger Gaffel gefuer ginn.
    • Laténgerseegel, dräieckeg oder trapéizfërmeg Seegel, déi an der Faartrichtung queesch zum Mast a mat engem Deel virum Mast hänken.
    • Luggerseegel, déi tëscht Gaffelseegel a Laténgerseegel ze klasséiere sinn an dacks ouni Bam gefuer ginn.
    • Sprietseegel, véiereckeg Seegel, déi vum viischten ënneschten Eck bis zum ieweschten Eck vum Mast hänken.
    • Krebsscherenseegel
    • Spreizgaffelseegel
    • Stagseegel

Type vu Seegelschëffer

  • Bark
  • Brigantine
  • Brigg
  • Dau
  • Dschunk
  • Ewer
  • Fregatt
  • Gabarre
  • Galeasse, Dräimaster mat Laténgerseegelen
  • Galéi
  • Galeone
  • Gulet
  • Hansekogge
  • Holk
  • Karacke
  • Karavell
  • Klipper
  • Korvett
  • Kraweel
  • Lädine
  • Pinasse
  • Pinisi
  • Schebecke
  • Schoner
  • Schonerbark (Barkentine)
  • Vollschëff
  • Zeesenboot

Net spezifesch Bezeechnunge fir Seegelschëffer sinn z. B.: Dräimaster, Groussseegeler, Fënneffmastschëff oder Windjammer.

Berüümt Seegelschëffer

  • Santa Maria, Admirolsschëff vum Christoph Kolumbus op senger éischter Rees, (1492)
  • Mayflower, Schëff dat déi éischt Emigranten (Pilgrims) vun Europa no Nordamerika bruecht huet
  • HMS Victory, Admirolsschëff vum Nelson (1805,an der Schluecht vu Trafalgar)
  • Le Renard, Aacht a lescht Schëff, dat vum Pirat Robert Surcouf arméiert a benotzt gouf (1813)
  • America, Éischte Vainqueur vum America-Cup (1851)
  • Cutty Sark, Berüümte Clipper op de Reesen op der Sich no Téi (1869), kann zu London als Muséeschëff besicht ginn
  • Belem, leschte franséischen Dräimaster (1896)
  • Pen Duick, Serie vu Seegelbooter gebaut oder kaaft vum Éric Tabarly
  • Pamir, Berüümten däitsche Véiermaster (1905)
  • Mercator, Muséeschëff zu Oostende, dat fréier als Schoulschëff vun der belscher Marinn benotzt gouf
  • Gorch Fock , Seegelschoulschëff vun der däitscher Marinn (1958)
  • Vasa, Schëff aus dem 17. Joerhonnert, dat am Vasamuseet zu Stockholm (Schweden) besicht ka ginn

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Seegelschëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Seegelschëff Opbau a KlassementSeegelschëff Type vu erSeegelschëff Berüümt erSeegelschëff Kuckt ochSeegelschëff Um SpaweckSeegelschëffAntiquitéitKrichsschëffSchëffSeegelSeegelbootWand

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

ULëscht vun de franséische MonarchenDavid Goldrake19. MäerzCharles-Mathias SimonsGerald FordKZ SonnenburgIranEnrique Peña Nieto1984MS EuropaNVenezuelaNew York CityEuropäesch UniounGemeng BettenduerfAserbaidjanTimothy Garton AshPeter JacksonLëscht vun de Buergermeeschtere vun Esch-UelzechtHampshire (England)Foussball-Weltmeeschterschaft 2014Gemeng Groussbus-WalFadas FamilyKonservatismusTopologieFestung LëtzebuergPazifikkrichAmericaBrasilienDonkel Matière1796ReykjavíkGaston ReineschMünchener OfkommesLëtzebuerger ArméiLech WałęsaCité judiciaireLettlandMozilla FirefoxValéry Giscard d'EstaingMyanmarKommissioun JunckerOlympesche GroussVerkéierswarnschëldLëscht vun de Star Trek-VëlkerHip-HopRichard NixonFeierstëppeler25. MäerzHubble-WeltraumteleskopHomosexualitéit321StandardmodellKinoTadjikistanTom HanksA Wopbopaloobop A LopbamboomSylvain ChavanelBrisbaneCEGEDELBelschTopographieArabeschChristoph KolumbusViktor OrbánTunnelJean Peters (Aulebäcker)Cerreto di SpoletoGeorge Seaton (Regisseur)Gemeng EttelbréckKiewPeppeng🡆 More