Brisbane (vun den Australier Brissie genannt), ass d'Haaptstad vum Queensland am Nordoste vun Australien.
| ||||
---|---|---|---|---|
Brisbane an der Nuecht | ||||
Land: | Australien | |||
Bundesstaat: | Queensland | |||
Administratioun: | Brisbane City Council | |||
Fläch: | 4.768 km² | |||
Awunner: | 1.810.943 Aw. (2005) | |||
Bevëlkerungsdicht: | 379 Aw. / km² | |||
Buergermeeschter: | Campbell Newman | |||
Koordinaten: | 27° 28’ 4’’ S 153° 01’ 39’’ O | |||
Lag vu Brisbane an Australien | ||||
Stied - Bundesstaaten - Groussstied |
D'Stad läit do wou de Brisbane River an d'Korallemier leeft, an huet 1,73 Mio. Awunner (am Ballungsraum). Brisbane ass souwuel e kathoulesche wei och en anglikanesche Bëschofssëtz. Wirtschaftlech ass d'Pëtrolsindustrie wichteg. Am Joer 1824 gouf Brisbane als Strofkolonie gegrënnt a gouf nom deemolege Gouverneur vun New South Wales, dem Sir Thomas Brisbane benannt.
Brisbane ass virun allem wéinst sengen Héichschoule bekannt (ënner anerem d'University of Queensland, d'Queensland University of Technology an d'Griffith University), souwéi och fir d'Vakanzeparadäisser Sunshine Coast a Gold Coast, mat hirer Lag direkt op der Küst an dem allgemeng gudde Wieder.
Commons: Brisbane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Brisbane, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.