De Portable Document Format (PDF; lb: portabelt Dokumenteformat) ass e plattformiwwergräifend Dateiformat fir d'Duerstellung vun zweedimensionalen Dokumenter, déi onofhängeg vu Software, Hardware oder Betribssystem kënnen op engem Ecran gekuckt oder op enger Imprimante ausgedréckt ginn an dobäi ëmmer d'selwecht ausgesinn.
D'Extensioun vum Dateinumm ass .pdf.
PDF-Dokumenter ginn entweeder duerch speziell Programmer gelies (z. B. Adobe Reader) oder duerch Plugins an engem Programm duergestallt (z. B. an den Internet-Browseren).
Dëst Format gouf vun der Firma Adobe Systems Incorporated entwéckelt an 1993 mat dem Programm Acrobat 1 fir d'éischt publizéiert.
PDF war e kommerziellt ("proprietäert"), mais oppen dokumentéiert Dateiformat (PDF Reference Manual). Zanter dem 1. Juli 2008 ass de PDF an der Versioun 1.7 als ISO 32000-1:2008 en oppene Standard.
Follgend Beispiller goufe mat dem Onlinetool wikitype gemaach.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Portable Document Format, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.