Paulus Vun Tarsus

De Paulus vun Tarsus (griichesch Παῦλος) war en Apostel aus dem Neien Testament an ee besonnesch wichtege Missionnaire vum fréie Chrëschtentum.

Wéinst senge Bekéierungsmissiounen am Osten a senge laange Reesen, déi en dowéinst ënnerholl huet, gëtt en och nach Volleksapostel genannt.

Paulus Vun Tarsus
Klassesch Duerstellung (1390)
Paulus Vun Tarsus
Phantombild-Rekonstruktioun vum méigleche Gesiicht

Vum Paulus fënnt ee véierzéng Bréiwer an der Bibel am Neien Testament. Si sinn u verschidde Vëlker geriicht, dorënner d'Réimer, d'Epheser, d'Galater, d'Thessaloniker an d'Korinther.

Den hellege Paulus ass de Patréiner vun den Theologen, de Séilsuerger, géint d'Angscht, Krämp an Ouerekrankheeten.  

Liewen an Hellegelegend

De Paulus, deem säi Gebuertsjoer net bekannt ass, gouf zu Tarsus an der réimescher Provënz Kilikien gebuer. Dowéinst hat hien och dat réimescht Biergerrecht. Säi jiddeschen Numm ass Saulus oder Sha'ul, säin Numm als réimesche Bierger Paulus. Als Beruff huet e Wiewer geléiert. Anscheinend konnt e Griichesch, Hebräesch an och Aramäesch schwätzen.

Als jonke Mënsch ass en op Jerusalem gaangen, fir ze studéieren. Ausserdeem war en e Pharisäer. Hien huet och an den éischte Chrëschteverfollegungen eng Roll gespillt, hien huet als iwwerzeegte Judd d'Chrëschte fir geféierlech gehalen. Bei enger Rees op Damaskus, wou en och Chrëschte sollt verfollegen, krut hien eng Visioun vum Operstanene Christus. Doropshin ass e vu sengem Päerd gefall a blann ginn. Wéi en zu Damaskus ukomm war, huet hie sech deefe gelooss, du konnt en och erëm gesinn. Duerno gouf en ee vun de gréisste chrëschtleche Missionnairen.

Spéiderhin huet en dräi laang Missiounsreesen ënnerholl an och déi véierzéng Bréiwer geschriwwen, déi een haut nach an der Bibel fënnt. Zu Caesarea gouf en du schlussendlech vu réimeschen Zaldote festgeholl, mä dat Schëff, mat deem e sollt op Roum gefouert ginn, ass virun der Insel Malta ënnergaangen.

Nodeem en trotzdeem zu Roum ukomm war gouf e warscheinlech verhaft an agespaart. Am Joer 64 oder 67 no Christus ass en dunn higeriicht ginn.  

Gedenkdag

De Gedenkdag vum Apostel Paulus ass den 29. Juni, de selwechten Dag wéi dee vum Apostel Péitrus.

De liturgesche Gedenkdag ass de 25. Januar. Heibäi handelt et sech ëm d'Bekéierung vum hellege Paulus, zu Däitsch Pauli Bekehrung, deen Dag, un deem sech dee bis dohi jiddesche Saulus zum Chrëschtentum bekannt huet.

Um Spaweck

Commons: Paulus vun Tarsus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

ChrëschtentumMissionnaire

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Alexei Sergejewitsch IonowKanton DikrechLex Weyer (1966)Fluchhafe Lëtzebuerg29. AbrëllLiliane Thorn-PetitZypernRenée WagenerHong KongRegierung Bettel-Lenert-BauschGattung (Biologie)Luc FriedenJames II. vun EnglandRoger DiederichFrançoise ThomaPoison (Film 2023)23. JanuarAustrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounAustralienXavier BettelIechternachJhemp HoscheitMontanaZeilespronkverfahrenMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)Jean-Baptiste Fresez23. JuniBangladeschKierch HeischentOregonHoratio Herbert KitchenerKapuzinertheaterDéi GréngGrand EstDëppegéisser (Museksgrupp)BëschofZesummen - d'BréckSecondairesschoulen zu LëtzebuergClinique Saint-FrançoisSacem LuxembourgGaston ReineschFrancis of DeliriumEngel AlbertPatxi Xabier Lezama PerierKulturzentrum KulturfabrikWikiTschechesch RepublikBiergerdagLiberté - Fräiheet!Gëlle FraWanterJeannot LunkesBlogFlouernummCQ (Film)RTL Radio LëtzebuergSerge TonnarAthénée de LuxembourgFaustiSowjetuniounGolf vum OmanCôte de la RedouteDesniéMars Science LaboratoryMichel GehrendHugues Le GallaisKlass (Biologie)🡆 More