De Paul Wigreux, gebuer den 29.
Abrëll">29. Abrëll 1880 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 23. Mee 1960, war e lëtzebuergeschen Architekt a Moler.
Paul Wigreux | |
---|---|
Gebuer | 29. Abrëll 1880 Bouneweg |
Gestuerwen | 23. Mee 1960 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
No senger Schoul am Kolléisch, ass en op Urode vu sengem Zeecheprofesser, dem Michel Engels, op München an duerno op Stuttgart weider léiere gaangen. Säin Diplom fir Ingenieur-Architekt krut hien 1909 zu Darmstadt.
Ier hie sech selbstänneg gemaach huet, huet hien e Stage am Architektebüro vum Jean-Pierre Koenig gemaach. 1913 ass en Architekt vun der Stad Esch genannt ginn an ass do bliwwe bis 1921. Dono gouf en den Nofollger vum Sosthène Weis als Staatsarchitekt.
Hie war vun 1937-1939 President vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1910 de Prix Grand-Duc Adolphe.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paul Wigreux, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.