De Begrëff Onbefleckt Empfängnis, op Latäin immaculata conceptio, ass d'Bezeechnung fir déi kathoulesch Glawensiwwerzeegung, datt d'Maria scho virun hirer Gebuert auserwielt war, fir déi spéider Mamm vum Jesus ze ginn.
Dofir ass si ouni Sënd op d'Welt komm, also onbefleckt.
Dëse Glawenssaz ass awer eréischt am Joer 1854 vum Poopst Pius IX. zum Dogma erkläert ginn. Dëst Dogma ass net ze verwiessele mat der biblescher Ausso vun der Jongfraegebuert vum Jesus, respektiv der Jongfra Maria.
D'Kathoulesch Kierch feiert den 8. Dezember mat dësem Fest, "dass die seligste Jungfrau Maria im ersten Augenblick ihrer Empfängnis durch die einzigartige Gnade und Bevorzugung des allmächtigen Gottes im Hinblick auf die Verdienste Christi Jesu, des Erlösers des Menschengeschlechtes, von jeglichem Makel der Urschuld unversehrt bewahrt wurde".
Commons: Onbefleckt Empfängnis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Onbefleckt Empfängnis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.