D'Tierkesch Republik Nordzypern, kuerz Nordzypern, Tierkesch: Kuzey Kıbrıs Türk Cumhuriyeti (KKTC), ass en De-facto-Regimm am Norde vun der Mëttelmierinsel Zypern, dat vun der internationaler Staatecommunautéit (mat Ausnam vun der Tierkei) net als Staat unerkannt gëtt.
De jure gehéiert den Territoire zu der Republik Zypern, där hir Regierung zanter 1963 just nach aus Zyperngriiche besteet an zanter datt den Norde vun der Insel 1974 vun der Tierkescher Arméi besat gouf keng Autoritéit méi iwwer dësen Territoire huet.
Haaptstad vun der Tierkescher Republik Nordzypern ass den nërdlechen Deel vu Lefkosia.
D'Bevëlkerung besteet op der enger Säit aus tierkeschen Zyprioten,déi zanter Joerhonnerten op der Insel liewen an an der Suite vum Zypern-Konflikt zu engem groussen Deel aus hiren Heemechtsuertschaften am Süden dohin hu misse plënneren, an op der anerer Säit aus Tierken, déi zanter 1974 vum tierkesche Festland, besonnesch aus Anatolien dohikomm sinn.
Déi meescht Zypern-Griichen, déi am Norde gewunnt hunn, sinn 1974 vun do verdriwwe ginn.
2014 gouf et eng Vollekszielung, no där et an der Tierkescher Republik Nordzypern 313.626 Awunner gouf.
De Staatspresident gëtt fir 5 Joer direkt vum Vollek gewielt. D'Parlament vun der Republik (Cumhuriyet Meclisi) huet 50 Sëtz a gëtt och fir 5 Joer gewielt.
Et gëtt 5 Distrikter (İlçe):
Commons: Tierkesch Republik Nordzypern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tierkesch Republik Nordzypern, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.