Narzissmus

Narzissmus kënnt als Begrëff aus dem Griicheschen, an ass op déi griichesch Seeërchersgestalt Narziss zeréckzeféiren, déi sech an hiert eegent Spigelbild verléift hat.

Narzissmus
Den Narziss vum Benczúr Gyula (1844-1920) Magyar Nemzeti Galéria, Budapest

Narzissmus ass an der Psychopathologie Synonym fir Eegeléift, vu sech selwer ageholl sinn, wat d'Schéinheet ubelaangt, eng iwwerdriwwen Hiwendung zum eegene Kierper a gëtt als Deviatioun an/oder als sexuelt Feelverhalen ugesinn, dat ënner gewëssen Ëmstänn pathologesch Auswierkunge kréie kann.

Am sexuelle Kontext gëtt déi krankhaft erweidert Form vum Narzissmus och nach Autoerotismus oder narzisstesch Neuros bezeechent. Déi Betraffe kënne nëmmen nach sech selwer schéi fannen a gär hunn an och nëmme mat sech selwer eng sexuell Erfëllung duerch Masturbatioun (am léifste virun engem Spigel) oder duerch aner Stimuléierungen (Heemelen, Kleederfetichismus...) erfueren. Dat geet sou wäit, dat hien oder hatt keng aner Persoun méi als Sexualobjet akzeptéiert an och mat kenger anerer Persoun méi ka sexuellen Kontakt hunn oder en erdroen. Narzissmus ass heefeg begleet vu manesch-hysteresche Momenter an endegt schlëmmstefalls an der totaler Isolatioun verbonne mat enger déiwer Depressioun.

Am Kandsalter ass e gesonden Narzissmus hëllefräich fir den eegene Kierper z'erfuerschen an déi éischt bewosst, mä nach ondefinéieret libidinéis Erfarungen ze sammelen. Déi Perioden, déi de Freud als narzisstesch Etapp an der sexueller Entwécklung bezeechent huet, gëtt herno vun enger zweeter Etapp ofgeléist, bei där sech d'Libido op aner Persoune riicht.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter

Tags:

GriicheschNarziss (Mythologie)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Ed LauterAnnett Renneberg27. MäerzGeorges Kayser (Paschtouer)Wilhelm Conrad Röntgen700 v. Chr.Leo TrotzkiWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)SchottlandEemaischenKlierf (Baach)UkraineschSchmidt-TeleskopMaschrekDänemarkMarco GaaschCOVID-19-PandemieSchëld A, 7bKolumbianesch FoussballnationalekippLuigi PistilliEuropäesch Unioun216 v. Chr.Jack NicholsonFinnlandSchlass vu VersaillesChristophe DonnersbachKathedral Notre-Dame vu ReimsSchëld A, 17KasachstanTramHomosexualitéitEd Begley Jr.Thomas vun Aquin2002IllinoisAralséiMarokkoJules WernerIslandAirbus A350De LäbPol LeursJoseph LuciusEdson AnibalMesopotamienFernand FehlenSei donne per l'assassinoWaasserbëllegKnuedlerWikipedia op LëtzebuergeschHypertext Markup LanguageWeltierwenGuy SchonsKrich an der VendéeJéineschMartine SolovieffRomain BauschFändel vu Lëtzebuerg19. September1821Boyden ObservatoireTrittico LombardoJoko WidodoVanuatu🡆 More