Marxismus

De Marxismus ass eng Gesellschaftsléier, déi hiren Ursprong am 19.

Joerhonnert">19. Joerhonnert huet an op den Theorië vum Karl Marx a vum Friedrich Engels baséiert. Et ass eng Analys a Kritik vum Kapitalismus zu där Zäit. D'Endzil vum Marxismus ass eng kommunistesch Gesellschaft ouni sozial Klassen.

Marxismus
Fotomontage mam Karl Marx (lénks) an dem Friedrich Engels

Iwwerbléck

Am Marxismus gëtt d'Geschicht vum Mënsch als Geschicht vu Klassekämpf betruecht. E kritiséiert haaptsächlech, datt d'Gesellschaft am Kapitalismus duerch d'Fortschrëtter an der Wirtschaftsproduktioun bestëmmt gëtt, an net duerch politesch oder moralesch Krittären. Duerch déi kapitalistesch Produktiounsweis géif d'Aarbechtsopdeelung an der Gesellschaft verdéift ginn: de wirtschaftleche Räichtum géif vun der Aarbechterklass, dem sougenannte Proletariat, geschaaft ginn, mä de Räichtum géif nëmmen un eng kleng Elite goen, déi och d'Produktiounsmëttel géife besëtzen. Fir de Karl Marx war dat eng Kontradiktioun an der kapitalistescher Produktioun: d'Aarbechterklass representéiert de gréissten Deel vun der Gesellschaft a produzéiert de Räichtum, mä d'Kapitalisten, e klengen Deel vun der Gesellschaft, eegene sech de Gewënn privat un.

Der marxistescher Léier no kann de Widdersproch nëmmen duerch e revolutionären Opstand vun der Aarbechterklass eliminéiert ginn, deen noutwendegerweis och mat Gewalt a Kampf verbonnen ass. Duerch déi Revolutioun géif d'Aarbechterklass d'Kapitalisten enteegnen an d'Eegentum an d'Produktiounsmëttel géifen an den ëffentleche Besëtz iwwergoen.

De Kapitalismus géif duerno vum Sozialismus ofgeléist ginn, mä leschtendlech wier d'Endzil d'Etabléiere vun enger Gesellschaft ouni Klassen am Kommunismus.

Literatur

Referenzen

Tags:

19. JoerhonnertFriedrich EngelsKapitalismusKarl MarxKommunismus

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Gemeng DéifferdengHaaptsäitNico ReisdorffDominique DavrayBléiLycée Robert-SchumanWaldbëlleger AffärNorbert BeckerSennenger Schlass1984Jang de BlannenMuttergottesoktavFoni TissenMediaWikiCézembrePrometheusChristianne WicklerDanielle Hennicot.giNovellAstrid LullingPaul KirpsBarbara RushCOVID-19Auguste RodinGemeng EttelbréckArmand StrainchampsDäitsch Demokratesch RepublikAadlerfarD'LompekréimerWëllem III. vun HollandMoutarderie de LuxembourgMickey MouseCharles ArendtMelickshaffSydney Harbour BridgeJournalismusRita Levi-MontalciniEllipsoidAquarius (Stärebild)PortugalMelusinaFuerschung1937KraterOrganisatioun vum Nordatlantik-TraitéOphiuchusBëschof1507NeuffontainesLiichtmëssdagGroussgaass (Stad Lëtzebuerg)Ed LauterJeannot LunkesPol LeursPescatore (Famill)Giro dell'AppenninoAries (Stärebild)Haaptsäit/WDSFair usePhoenix (Stärebild)IndienJean CalvinAlfred HitchcockRené ArendHaaptsäitBléck/ArchiverTom Jungen🡆 More