D'Marlene Dietrich, gebuer de 27.
Dezember">27. Dezember 1901 zu Schöneberg (haut en Deel vu Berlin) als Marie Magdalene Dietrich, a gestuerwen de 6. Mee 1992 zu Paräis, war eng däitsch-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
Marlene Dietrich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marie Magdalene Dietrich |
Gebuer | 27. Dezember 1901 Rote Insel |
Gestuerwen | 6. Mee 1992 8. Arrondissement |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, USA |
Educatioun | Musekshéichschoul Weimar, Ernst-Busch Héichschoul |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Sänger, Autobiograph, Entertainer, Violonist, Theaterschauspiller, Schauspiller, Museker, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Rudolf Sieber |
Liewenspartner(in) | Erich Maria Remarque, Jean Gabin, Yul Brynner, John F. Kennedy |
Papp | Louis Erich Otto Dietrich |
Mamm | Wilhelmina Elisabeth Joséphine Felsing |
Kanner | Maria Riva |
Hir Karriär huet an Däitschland ugefaangen, wou si a Stommfilmer gespillt huet. Hir Roll als Lola-Lola an Der Blaue Engel ënner der Regie vum Josef von Sternberg huet si international bekannt gemaach an hir e Kontrakt mat Paramount Pictures an den USA abruecht.
Hollywood-Filmer wéi Shanghai Express an Desire hunn op hire Glamour an exotesche Look opgebaut an hir Plaz als Star gefestegt. Si war déi Zäit eng vun den am beschte bezuelte Schauspillerinnen. 1939 krut si d'amerikanesch Nationalitéit.
Den 9. an de 15. Dezember 1944 ass d'Marlene Dietrich am Kader vun der USO zu Dikrech fir d'Zaldote vum 109. US-Infantrieregiment opgetratt.
Commons: Marlene Dietrich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marlene Dietrich, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.