De Malteeseruerden, a laanger Form op Franséisch Ordre souverain militaire hospitalier de Saint-Jean de Jérusalem, de Rhodes et de Malte, meeschtens einfach Ordre de Malte genannt, ass e kathoulesche Laienuerden.
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Ziler vum Uerde sinn d'Verdeedegung vum Glawen an d'Hëllef fir déi Aarm (op Laténgesch: Tuitio Fidei et Obsequium Pauperum).
Den Uerden, deen an iwwer 120 Länner Vertriedungen huet, ass virun allem aktiv an der medezinescher Hëllef, sou besonnesch an der Behandlung vun der Lepra. Seng Memberen intervenéieren och an der Hëllef no Naturkatastrophen uechtert d'Welt.
De Sëtz vum Malteeseruerden ass zu Roum am Palais magistral, deen de Statut vun der Extraterritorialitéit huet.
1967 huet de Malteeseruerde sech zu Lëtzebuerg etabléiert.
Enn Juni 2012 huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an der Krypta vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg en neie Fändel vum Malteeserhëllefsdéngscht ageweit.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Malteeseruerden, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.