D'Ignacia de Loyola de Palacio del Vallelersundi gebuer de 16.
September">16. September 1950 zu Madrid, a gestuerwen den 13. Dezember 2006, och do, war eng spuenesch Politikerin a vun 1999 bis 2004 Vizepresidentin a Kommissär fir Verkéier an Energie an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidentschaft vum Romano Prodi.
Loyola de Palacio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ignacia de Loyola de Palacio del Valle de Lersundi |
Gebuer | 16. September 1950 Madrid |
Gestuerwen | 13. Dezember 2006 Madrid |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Partido Popular |
D'de Palacio huet op der Universidad Complutense Madrid Droit studéiert a war jorelaang an der spuenescher Vollekspartei (Partido Popular) aktiv. Vun 1996 bis 1999 war se Ministesch fir Landwirtschaft, Fëscherei an Ernierung a Spuenien. 1999 gouf s'an d'Europäescht Parlament gewielt, kuerz drop awer zum Member vun der Europäescher Kommissioun (Kommissär) ernannt.
Der Loyola de Palacio hir Sëschter ass d'Ana de Palacio del Valle-Lersundi, déi aktuell Vizepresidentin vun der Weltbank a fréier spuenesch Ausseministesch.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Loyola de Palacio, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.