De Kyoto-Protokoll (offiziell: Protokoll vu Kyoto zu der Kader-Konventioun vun de Vereenten Natiounen iwwer de Klimawandel; en.: Kyoto Protocol to the United Nations Framework Convention on Climate Change) ass en internationalen Accord deem säin Zil de Klimaschutz ass.
E setzt Ziler a Friste fest, un déi industrialiséiert Länner legal gebonne sinn, fir d'Zäregasemissiounen erofzesetzen. Déi Zäregase sinn d'Haaptursaach vun der globaler Erwäermung.
1994 ass d'Kader-Konventioun vun de Vereenten Natiounen iwwer de Klimawandel a Kraaft getrueden. Déi ass ville Signatairen net wäit genuch gaangen, duerfir hunn d'Joer drop Verhandlungen iwwer en internationalen Accord ugefaangen, deen un dat Ofkommes gebonne mä autonom ass. De Kyoto-Protokoll gouf 1997 adoptéiert an ass de 16. Februar 2005 a Kraaft getrueden.
Ee vun de wichtegsten Aspekter ass, datt an deem Protokoll obligatoresch Ziler fir d'Reduktioun vun den Zäregasemissioune festgesat si fir déi Länner, déi wirtschaftlech staark sinn an zougestëmmt hunn. D'Engagementer variéiere vu Land zu Land. Dat globaalt Reduktiounszil tëscht 2008 an 2012 ware 5% manner Emissiounen par Rapport zu den Emissiounen am Joer 1990. Dobäi wollt d'Europäesch Unioun (mat den deemools 15 Member-Staaten) hir Emissiounen ëm 8% erofsetzen, an an der EU hat Lëtzebuerg dat ambitiéist Zil mat enger envisagéierter Reduktioun vun 28%. Dat Zil war awer vill ze héich gesat, well 2011 hat d'Groussherzogtum seng Emissiounen eréischt ëm 8,1% reduzéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kyoto-Protokoll, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.