D'global Erwiermung, reegelméisseg och einfach nëmme Klimawandel genannt, ass e Begrëff deen d'Klamme vun der Duerchschnëttstemperatur vun engem Deel vun der Atmosphär vun der Äerd a vun de Mierer bezeechent.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Experte schätzen, datt d'Mënschheet eng grouss Roll dobäi spillt, haaptsächlech andeem si duerch d'Emissioun vun anthropogenen Zäregasen den natierlechen Zäregaseffekt verstäerkt hunn.
Zu de Konsequenze vun der globaler Erwiermung zielen d'Klamme vum Mieresspigel, d'Schmëlze vum Äis am Mier a vun de Gletscheren, d'Entdeeë vum Permafrostbuedem, d'Ausbreedung vun de Regioune mat Waassermangel a Wieder-Extreeme mat entspriechende Réckwierkungen op d'Liewens- an d'Iwwerliewenssituatioune vun de Mënschen, Déieren a Planzen.
Duerch verschidde Klimaschutzmesuren op nationalem an internationalem Niveau (z. B. dem Kyoto-Protokoll) gëtt probéiert, déi global Erwiermung ofzeschwächen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Global Erwiermung, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.