An de Krichsverbriecherprozesser vun Tokio (東京裁判 Tōkyō Saiban, eigentlech: Internationaalt militärescht Geriicht fir de Wäiten Osten, 極東国際軍事裁判 Kyokutō Kokusai Gunji Saiban) si responsabel Persounen aus der Keeserlecher Arméi ugeklot gewiescht.
Si sinn den 29. Abrëll 1946, um Gebuertsdag vum Keeser Showa (裕仁 Hirohito), ugeklot ginn. D'Verhandlungen hunn den 3. Mee 1946 ugefaangen an hu bis den 12. November 1948 gedauert.
Nr. | Riichter | Stat |
---|---|---|
1. | Joseph B. Keenan | d'USA |
2. | Solis Horowitz | - |
3. | Willis E. Mahoney | - |
Um Enn goufe 55 Uklopunkten an 10 Gruppen zesummegestallt. Zwéi Punkten, nämlech Verschwierung vu Japan, Italien an Däitschland ëm d'Weltherrschaft an d'Invasioun an Thailand si wéinst Feele vu Beweiser fale gelooss ginn.
Nr. | Richter | Staat |
---|---|---|
1. | John P. Higgins | USA |
2. | I. M. Zarayanov | Sowjetunioun |
3. | Lord Patrick | England |
4. | Henri Bernard | Frankräich |
5. | Bernard V. A. Röling | Holland |
6. | Mei Ju-ao | Republik China |
7. | William.F.Webb | Australien |
8. | Harvey Northcroft | Neiséiland |
9. | Edward Stuart McDougall | Kanada |
10. | Radhabinod Pal | Indien |
11. | Delfin Jaranilla | Philippinnen |
Nr. | Ugekloten | Positioun | Urteel |
---|---|---|---|
1. | Hideki Tojo | Generol; 1935, Chef vun der manchurescher Geheimpolizei; 1936, Beroder vum Büro fir manchuresch Affären; 1938, Vizekrichsminister; 1940, Krichsminister; 1941, Premierminister | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
2. | Akira Muto | Generol; Arméikommandant a Sumatra; Chef iwwer d'Krichsgefaangelageren a Sumatra | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
3. | Seishiro Itagaki | Generol | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
4. | Iwane Matsui | Generol | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
5. | Heitaro Kimura | Generol | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
6. | Kenji Doihara | Generol, Chef vun der Spionageafwier an der Mandschurei | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
7. | Koki Hirota | Ministerpräsident, Ausseminister, Ambassadeur an der Sowjetunioun | Zum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948) |
8. | Osami Nagano | Admirol | Fräisproch wéinst dem Doud vum Beschëllegten |
9. | Kingoro Hashimoto | Oberst | liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
10. | Takasumi Oka | Vizeadmiral | liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
11. | Kenryo Sato | Generolleutnant | liewenslaang Prisong (entlooss 1956) |
12. | Jiro Minami | Generol, Generalgouverneur vu Korea | liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
13. | Shigetaro Shimada | Admirol, Marineminister | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
14. | Shunroku Hata | Generolfeldmarschall | liewenslaang Prisong (entlooss 1954) |
15. | Sadao Araki | Generol, Krichsminister | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
16. | Hiroshi Oshima | Generolleutnant, Ambassadeur an Däitschland | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
17. | Yoshijiro Umezu | Generol, Kommandant vun der Kantonarmee | liewenslaang Prisong (-) |
18. | Naoki Hoshino | Kanzleidirektor vun der Mandschurei | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
19. | Kuniaki Koiso | Generol, Generalgouverneur vu Korea, Ministerpresident | liewenslaang Prisong (-) |
20. | Teiichi Suzuki | Generolleutnant, Chef vum (Planungsamt??) | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
21. | Kiichiro Hiranuma | Ministerpresident | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
22. | Koichi Kido | Keeserleche Sigelbeamten, Kulturminister, Sozialminister, Inneminister | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
23. | Okinori Kaya | Finanzminister | liewenslaang Prisong (entlooss 1955) |
24. | Shigenori Togo | Ausseminister, Ambassadeur an der Sowjetunioun an an Däitschland | 20 Joer Prisong |
25. | Toshio Shiratori | Ambassadeur an Italien | liewenslaang Prisong (-) |
26. | Mamoru Shigemitsu | Ausseminister, Ambassadeur an England | 7 Joer Prisong (entlooss 1950), geet an d'Politik a gëtt 1954 japaneschen Ausseminister |
27. | Shumei Okawa | Ultranationalist, | Fräisproch wéinst psychiatresche Grënn, hie gouf psychiatresch internéiert an 1948 entlooss |
28. | Yosuke Matsuoka | Ausseminister, Vertrieder beim Vëlkerbond | Fräisproch wéinst dem Doud (Tuberkulos) vum Beschëllegten um Ufank vum Prozess |
Als Urteel ass d'majoritär Meenung vun de Riichter aus den USA, England, der Sowjetunioun, der Republik China, Kanada an Neiséiland ugeholl ginn. D'Riichter aus Holland, Frankräich, Indien, de Philippinnen an Australien hunn hir minoritär Meenungen eenzel publizéiert. Besonnesch de Fräisproch vum Riichter Radhabinod Pal ass opgefall. Déi zum Doud Verurteelt sinn den 23. Dezember, um Gebuertsdag vum Prënz Akihito (de Keeser vun haut) higeriicht ginn.
Commons: Krichsverbriecherprozesser vun Tokio – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Krichsverbriecherprozesser vun Tokio, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.