De Jorge Francisco Isidoro Luis Borges KBE, gebuer de 24.
August">24. August 1899 zu Buenos Aires, a gestuerwen de 14. Juni 1986 zu Genf, war en argentineschen Auteur vu Kuerzgeschichten an Essayen, Dichter an Iwwersetzer, deen zu de Schlësselfigure vun der spueneschsproocheger Literatur gezielt gëtt. Seng bekanntst Bicher, Ficciones an El Aleph, déi an den 1940er Joren erauskoumen, si Sammlunge vu Kuerzgeschichten, déi ënnereneen op eng fantastesch Manéier duerch gemeinsam Theeme wéi Dreem, Labyrinther, Bibliothéiken, Spigelen, fiktional Auteuren, Philosophie a Relioun verknëppt sinn. Säi Wierk huet souwuel zu der Entwécklung vun der philosophescher Literatur wéi och dem Fantasy-Genre bäigedroen. De Kritiker Ángel Flores, deen als éischten de Begrëff magesche Realismus definéiert huet, als Reaktioun op den dominante Realismus an Naturalismus, huet dem Borges seng Historia universal de la infamia déi éischt Publikatioun vun deem Genre genannt.
Jorge Luis Borges | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jorge Francisco Isidoro Luis Borges Acevedo |
Pseudonym | B. Suarez Lynch, H. Bustos Domecq |
Gebuer | 24. August 1899 Buenos Aires |
Gestuerwen | 14. Juni 1986 Genf |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Argentinien |
Educatioun | Collège Calvin |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Bibliothecaire, Literaturkritiker, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Dichter, Publizist, Essayist |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Letters |
1921 huet de Borges ugefaangen, Essayen a Gedichter a surrealistesch Literaturzäitschrëften ze publizéieren. Hien huet och als Bibliothecaire a Virlieser geschafft. 1955 gouf hien zum Direkter vun der Argentinescher Nationalbibliothéik ernannt an zum Professer fir Englesch Literatur op der Universitéit Buenos Aires. Am Alter vu 55 Joer gouf hie blann, 1961 krut hien, zesumme mam Samuel Beckett, de Prix Formentor. 1971 huet hien de Jerusalem Prize gewonnen.
An den 1960er Jore gouf hien am engleschsproochege Raum ganz bekannt, bedéngt duerch e Boom vun allem wat Südamerikanesch war, an och duerch de Succès vum Gabriel García Márquez sengem Cien anos de solitud. Den Auteur J. M. Coetzee sot iwwer de Borges:
"Méi wéi keen aneren huet hien d'Sprooch vun der Fiktioun erneiert an domat enger bemierkenswäerter Generatioun vu latäinamerikanesche Schrëftsteller opgemaach.
Commons: Jorge Luis Borges – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jorge Luis Borges, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.