Gernika (baskesch) oder Guernica (spuenesch), ; offiziell Gernika-Lumo respektiv Guernica y Luno, ass eng Stad a Gemeng an der spuenescher autonomer Regioun Baskeland, an der Provënz Biskaia, nordëstlech vu Bilbao.
Gernika-Lumo besteet aus der Stad Gernika an der Uertschaft San Pedro de Luno. Si läit um Floss Oka an huet 16.863 Awunner.
Gernika-Lumo / Guernica | |
---|---|
Land | Spuenien |
Autonom Gemeinschaft | Baskeland |
Provënz | Vizcaya |
Awunner | 16.863 (INE 2013) |
Fläch | 8,27 |
Koordinaten | 43° 19’ 00’’ N 02° 40’ 00’’ W |
Telefonszon | 94 |
Postcode | 48300 |
Websäit | http://www.gernika-lumo.net/in_index.asp |
Gernika gouf den 28. Abrëll 1366 gegrënnt an ass eng "helleg" Stad vun de Basken. Zanter dem Mëttelalter goufen do, ënner enger imposanter Eech (Gernikako Arbola), Conseilsversammlungen ofgehalen.
Gernika/Guerníca ass international virun allem dofir bekannt, datt se de 26. Abrëll 1937, wärend dem Spuenesche Biergerkrich, vun der Legion Condor vun der däitscher Luftwaffe duerch Bommenugrëffer bal ganz zerstéiert gouf. E puer honnert Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm.
De Pablo Picasso huet dës Zerstéierung an engem berümten Tableau interpretéiert.
Zu Gernika ass haut e Friddensmusée.
Commons: Gernika – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gernika, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.