Gemeng Reckeng Op Der Mess: Lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Reckeng op der Mess ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.

Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Reckeng op der Mess vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Reckeng op der Mess
Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht
Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht
D'Märei zu Reckeng
An anere Sproochen fr: Reckange-sur-Mess
de: Reckingen/Mess
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Reckeng op der Mess
Buergermeeschter Carlo Muller
Awunner 2.734
  1. Januar 2023
Fläch 2.042 ha
Héicht 319 m
Koordinaten 49° 33’ 40’’ N
      06° 00’ 25’’ O
LAU-Code LU0210
Websäit http://www.reckange.lu/
Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht
Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht

Uertschaften an der Gemeng

Geographie

D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km². Dovu sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Reckeng op der Mess, Éileng a Wickreng.

Geschicht

1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Piisseng, Reckeng op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoe fir d'Gemeng Reckeng op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufe fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht

Quell:STATEC

Demographie

Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovun 1120 Fraen (51,5 %) an 1053 Männer (48,5 %). Déi meescht Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréisst auslännesch Communautéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8 % vun der Gesamtbevëlkerung) gestallt.

532 Persounen (24,5 %) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9 %) ware méi al wéi 60 Joer.

D'Haaptuertschaft Reckeng op der Mess hat mat 825 Awunner déi meescht Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Piisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).

Awunner no Nationalitéit
Rang Nationalitéit
Awunner Rang Nationalitéit
Awunner
1 LuxembourgGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Lëtzebuergesch 1712 7 United KingdomGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Brittesch 23
2 PortugalGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Portugisesch 105 8 NetherlandsGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Hollännesch 22
3 FranceGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Franséisch 92 9 USAGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  US-amerikanesch 14
4 ItalyGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Italieenesch 53 10 PolandGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Polnesch 8
5 GermanyGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Däitsch 48 Aner Nationalitéiten 53
6 BelgiumGemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Belsch 43 Total 2173

Wopen

Gemeng Reckeng Op Der Mess: Uertschaften an der Gemeng, Geographie, Geschicht  Beschreiwung:
tranché d'argent et de sable par une bande ondée et coticés d'azur et d'argent de quatre pièces, accompagnée en chef de trois merlettes de sable posées 2,1 et en pointe d'une croix ancrée d'or.
D.C. 25. September 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1144 - Projet: Marcel Lenertz 1980
Am Wope sinn d'Emailer vun den dräi Hären déi jeeweils eng Zäit Meeschter zu Reckeng waren, an zwar déi Lampecher [de sable à la croix ancrée d'or], déi Reckener [de sable à bande d'argent] an déi Wickrenger [d'argent à tois merlettes de sable]. Um Kapp gouf de Wope vun de Wickrenger iwwerholl an op der Spëtzt dee vun de Lampecher. Déi blo queesch Well symboliséiert d'Mess déi duerch d'Gemeng leeft.

Politik

De Gemengerot vun der Gemeng Reckeng op der Mess gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

  • ...
  • 1844 an 1849: Dominique Grethen,
  • ...
  • 1935 - 1940: Jean-Pierre Hilger
  • 1940 - 1944: däitsch Besatzung
  • 1945 - 1963: Jean-Pierre Hilger
  • ...
  • 2004 - 2006: Albert Huberty
  • 2007 - 2011: Raymond Sinnen
  • zanter 2011: Carlo Muller

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Reckeng op der Mess ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gemeng Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Gemeng Reckeng Op Der Mess Uertschaften an der GemengGemeng Reckeng Op Der Mess GeographieGemeng Reckeng Op Der Mess GeschichtGemeng Reckeng Op Der Mess WopenGemeng Reckeng Op Der Mess PolitikGemeng Reckeng Op Der Mess Interkommunal SyndikaterGemeng Reckeng Op Der Mess Kuckt ochGemeng Reckeng Op Der Mess Um SpaweckGemeng Reckeng Op Der MessChef-lieuEntwécklung vun der Gemengenzuel zu LëtzebuergGemeng (Lëtzebuerg)Kanton Esch-UelzechtReckeng op der Mess

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

RektumNico ReisdorffFailliteOctavie ModertHotel Grand-ChefWikiRtl.luOlivier CataniGaasperechLaurent MosarSerge TonnarJeannot MetzlerOns HeemechtGroussherzog vu LëtzebuergLuxtram-Linn T1Foussgängerbréck an der Avenue KennedyWestafrikaHenri WerlingHimmelsdéiercherJean Louis SchlimBatty WeberMario MontiMaliCorinna HarfouchCactusLuc FellerTomas TranströmerWikipediaTrauliicht (Brauch)BelizeJosy JohannsDylan RyderCaracasWeemseesdetEgyptenFrankräichFatima-Kapell (Harel)Waldbëlleger AffärMarc DostertFoussball-Weltmeeschterschaft 2002Jean-Baptiste NeuensLiège-Bastogne-Liège 2020Charles MargueMoskauAix-NouletteLiberté de conscienceGemeng SëllRiselenBenny QuickGesondheetOuljenFränz HausemerJean NicolasSowjetuniounWladimir Wladimirowitsch PutinBuddhismusMolly YardGérard ValeriusConcomberHaidy JacobiEschduerfComptabilitéitHelperknappJang de BlannenGitta LindLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenFC Blo-Wäiss IzegLuxemburger WortVictor-Bodson-BréckAvenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)24. OktoberKosmesch StralungSiegfried I. vu LëtzebuergPorn Queen🡆 More