De Gabriele Ferzetti, gebuer als Pasquale Ferzetti de 17.
Mäerz">17. Mäerz 1925 zu Roum an och do gestuerwen den 2. Dezember 2015 war en italieenesche Schauspiller.
Gabriele Ferzetti | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pasquale Ferzetti |
Gebuer | 17. Mäerz 1925 Roum |
Gestuerwen | 2. Dezember 2015 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Accademia nazionale d'arte drammatica |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
De Ferzetti huet an iwwer 160 Kinos- an TV-Filmer matgespillt.
Wichteg Filmer a senger Carrière sinn 2 dramatesch Filmer vum Michelangelo Antonioni Le amiche (1955) a L'avventura (1960) mat der Monica Vitti an der Lea Massari. Aner bedeitend Filmer mat him sinn den Italowestern C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone, den James Bond-Film On Her Majesty's Secret Service (1969) vum Peter Hunt, de Krichsdrama Il portiere di notte (1974) vun der Liliana Cavani mat dem Dirk Bogarde an der Charlotte Rampling an den Haaptrollen an Io sono l'amore (1992) vum Luca Guadagnino mat der Tilda Swinton.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gabriele Ferzetti, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.