Ferenc Puskás: Ungaresche Foussballspiller

De Ferenc Puskás, gebuer den 2.

Abrëll">2. Abrëll 1927 zu Kispet (haut e Quartier vu Budapest) an Ungarn als Ferenc Purczeld, a gestuerwen de 17. November 2006 zu Budapest war de bekanntsten ungaresche Foussballspiller.

Ferenc Puskás
Ferenc Puskás: Ungaresche Foussballspiller
Gebuertsnumm Ferenc Purczeld Bíró
Pseudonym Puskás Öcsi, El Comandante Galopante, El Cañoncito Pum, Pancho Puskas
Gebuer 1. Abrëll 1927
Budapest
Gestuerwen 17. November 2006
Budapest
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Ungarn, Spuenien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 169 Zentimeter
Gewiicht 72 kg
Veräin/Ekipp Real Madrid,
Spuenesch Foussballnationalekipp
Ferenc Puskás: Ungaresche Foussballspiller

De Puskás mam Spëtznumm De Majouer oder och Puskás Öcsi ass ee fréieren ungaresche Foussballspiller an Trainer.

Hie war tëscht 1950 a 1954 Kapitän vun der ungarescher Nationalekipp. Héichpunkte vu senger Carrière waren ënner anerem 1953 ee 6:3 Gewënn géint England an d'Finall vun der Weltmeeschterschaft 1954 zu Bern géint Däitschland, wou Ungarn allerdéngs 2:3 verluer huet.

1956 ass de Puskás a Spuenie geplënnert an huet vun 1958 u bei Real Madrid gespillt.

Hien huet mam Real e puermol déi spuenesch Landesmeeschterschaft gewonnen an den Europapokal vun de Landesmeeschteren. E war och méi wéi eng Kéier op verschiddenen Tournoien de beschte Buteur.

Wéi hie bis d'spuenesch Nationalitéit hat, konnt hien och fir Spuenien 1962 op der Weltmeeschterchaft matspillen. Mat 39 Joer huet hien opgehale mat Spillen a gouf Foussballstrainer.

An där Funktioun huet hien 1971 Panathinaikos Athen bis an d'Finall vum Europapokal vun de Landesmeeschtere bruecht, a si goufen och e puermol griichesche Meeschter.

Vun 1993 u war hien Trainer vun der ungarescher Nationalmannschaft.

Zanter 2000 war hie schwéier krank an huet misse seng Zäit am Spidol verbréngen.

De Puskás gëllt als de beschten ungaresche Foussballist a seng Dossardsnummer 10 ass legendär ginn, soudatt no senger Zäit an de groussen Ekippen de Spillmécher déi Nummer gedroen huet.

Hie gouf vum Foussballweltverband an d'FIFA 100 opgeholl.

No him ass de Foussballstadion vu Budapest benannt: de Ferenc Puskás Stadion. Ausserdeem gëtt all Joer de Ferenc-Puskás-Präis un deejenege Foussballspiller verginn, deen de schéinste Gol wärend enger Saison schéisst.

Ferenc Puskás: Ungaresche Foussballspiller
Den Alfredo di Stefano an de Ferenc Puskás (riets), beim Real Madrid, 1965

Um Spaweck

Commons: Ferenc Puskás – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

17. November19272. Abrëll2006BudapestFoussballUngarn

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

PilzeräichMalteseruerdenLëscht mat Stilrichtunge vun der Musek2021JoerPornographie2013EZäitKroatienKHarrison90InfektiounskrankheetAlphonse ThyesErnie HammesÄerdAngelina JolieAthenPaul Hammelmann5. AugustKiewFilm6. MäerzThomas vun Aquin2009HallerbosLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergPakistanThailand2000KrichPilo FonckBakuMaldivenGabriel BoisantéAuguste CharloisLe viagerPangeaAntoine PohuServerMarshallinselen1915VirnummBelizeGeschlechtsorganer bei der Fra969U1947Stater TramLemurenJuegd1978Kuelestoff2024VanuatuZweeAdolphe vu LëtzebuergKachkéis4GriicheschBelschLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenPeruCharles de PlakkappKehlsteinhausOuschterenLondonHaaptsäit/Artikel vun der WochArmenien18Eschdoerfer Musik🡆 More