Den Erny Gillen, gebuer den 29.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Theolog Erny Gillen. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Erny Gillen. |
Januar">29. Januar 1960 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Theolog (Ph.D.) an Eethiker.
Erny Gillen | |
---|---|
Gebuer | 29. Januar 1960 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theolog, Ethiker |
Hie gouf 1985 zum Priister geweit a war vun 1988 bis 2012 Theologieprofessor am Seminaire an am Institut catéchétique.
Hie war bis 2012 President vun der Caritas Lëtzebuerg a bis 2015 President vu Caritas Europa.
De 16. Oktober 2011 huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Jean-Claude Hollerich, hien zum Generalvikar vum Äerzbistum Lëtzebuerg ernannt. Dräi Wochen nodeems d'Chamber déi nei Konventioun mat de Glawensgemeinschaften ënnerschriwwen hat, ass den Erny Gillen den 18. Februar 2015, op Äschermëttwoch, als Generalvikar zeréckgetrueden. Zäitgläich huet den Äerzbëschof Hollerich de Leo Wagener zum neie Generalvikar ernannt.
Den 2. Februar 2012 gouf hien zum President vum Verwaltungsrot vum Medie-Grupp Saint-Paul Luxembourg S.A. gewielt.
De 25. Januar 2016 huet d'Äerzbistum follgendes matgedeelt: "No sengem Studienopenthalt um Boston College huet den Här Erny Gillen op perséinlechem a professionellem Plang nei Weiche gestallt. An Zukunft geet hien als Wëssenschaftler de Froe vun “ethics and leadership” am europäeschen an internationalen Zesummenhank no. Hien huet seng Mandater an den diverse Verwaltungsréit zur Verfügung gestallt." Op perséinlechem Plang huet dat bedeit, datt hie säi Priisteramt opgi wollt,. Enn Dezember 2017 huet hien decidéiert, awer weiderhi Priister ze bleiwen,.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Erny Gillen (Theolog), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.