Ellipsoidesch Koordinaten

Ellipsoidesch Koordinate si sphäroidesch Koordinaten (d.

h. Koordinaten op engem Rotatiounsellipsoid), déi wéi d'geographesch Koordinaten op der Äerduewerfläch definéiert sinn.

Si kënne sech op zwou Aarte vun Ellipsoide bezéien:

Wichteg ass d'Definitioun vu prezisen Ellipsoidekoordinaten, virun allem fir d'Äerd, wou si haut scho bis op eb Zentimeter genee mossbar sinn, a (manner genee) fir d'Observatioun vun den noe Planéiten.

D'Sonn an de Mound dogéint si bal kugelfërmeg, wat komplizéiert ellipsoidesch Berechnunge fir déi béid Himmelskierper erspuert.

Ellipsoidesch Koordinaten an der Geodesie

Ellipsoidesch Koordinaten 
Ellipsoidesch Breet B
  • D'ellipsoidesch Breet vun engem Punkt op der Uewerfläch vun engem Rotatiounsellipsoid ass de Wénkel, dee seng Ellipsoidnormal mam Equatorplang vum Rotatiounskierper aschléisst.
  • D'ellipsoidesch Längt ass deen an der Rotatiounsachs vum Ellipsoid gezielte Wénkel tëscht dem Meridianplang vum Punkt an dem Meridianplang vun engem Bezuchspunkt. Si brauch also d'Definitioun vun engem Nullmeridian.

An der Geodesie – d. h. bezunn op e Referenz- oder mëttleren Äerdellipsoid – ginn déi zwou ellipsoidesch Koordinaten och geodetesch Breet a geodetesch Längt genannt. Si kënnen och als d'Komponente vum Richtungsvecteur vun der ellipsoidescher Normaler opgefaasst ginn a sinn eng wichteg Rechegréisst an der Äerdmiessung, an der Landesvermiessung an an der Kartographie.

Déi reng geometresch definéiert Ellipsoidkoordinaten däerfen net mat de Vecteurkomponente vun der Loutriichtung verwiesselt ginn. Déi gëtt duerch d'Masseverdeelung vum Kierper bestëmmt an ass dofir vu physikalescher Natur. Op der Äerd ginn hir Komponenten an engem Miesspunkt als astronomesch Breet an astronomesch Längt bezeechent. Den Ënnerscheed zu den ellipsoidesche Koordinate vum Miesspunkt ass d'Loutofwäichung.

Ellipsoidesch Koordinaten op Planéiten

Och op de Planéite vum Sonnesystem gi Positiounen deelweis an Ellipsoidkoordinaten uginn, wann d'Ofwäichung vun der Kugelform méi wéi ee Promill ass. An deem Fall gëtt e Rotatiounsellipsoid (oder a wéinege Fäll och en dräiachsegen Ellipsoid) un d'Form vum Himmelskierper ugepasst, op deen dann d'Breeden an d'Längte bezu ginn.

Déi stäerkst Ofplattungen am Sonnesystem hunn déi grouss Gasplanéiten Jupiter a Saturn (1:16 resp. 1:10), gefollegt vun den Äisrisen Uranus a Neptun (2-3 %) souwéi dem Mars (3-achseg). Fir d'Saturn-Koordinaten an déi vu senge baussenzegen Noperen Uranus a Jupiter ass nach kee speziellen Term gebräichlech, well d'Uewerflächen nëmme wéineg Detailer weisen, wuel awer fir déi béid no Planéiten:

  • areographesch Koordinaten um Mars
  • iovigraphesch Koordinaten um Jupiter.

Wärend d'Breet duerch d'Rotatioun vum Planéit (resp. sengem Equatorplang) definéiert gëtt, ass fir d'ellipsoidesch Längt de jeeweilege Nullmeridian selbststänneg ze wielen. Um Mars gouf en duerch eng markant donkel Linnestruktur am Norde vum Flaachgebitt Meridiani Sinus geluecht. Um Jupiter bestoung souguer d'Noutwendegkeet vun zwee Längtesystemer I an II, well déi wollekeg Equatorsträifen ëm ongeféier 5,2 Minutten ënnerschiddlech rotéieren. Op der Sonn an um Äerdmound dogéint sinn Kugelkoordinaten duergaangen, well eng Ofplattung miesstechnesch net nowäisbar ass:

Wéiwäit d'Exzentrizitéit vum Moundschwéierpunkt (ëm knapps 2 km a Richtung Äerd) an d'Koordinaten ageet, gëtt net eenheetlech gebraucht.

Kuckt och

Ellipsoidesch Koordinaten  Portal Astronomie

Literatur

  • Karl Ledersteger: Astronomische und Physikalische Geodäsie (Erdmessung). Band V der Fachbuchreihe Jordan-Eggert-Kneissl, Handbuch der Vermessungskunde, Verlag J. B. Metzler, Stuttgart 1969
  • Wolfgang Torge: Geodesy, 3.Auflage. Verlag de Gruyter, Berlin 2001.

Um Spaweck

Tags:

Ellipsoidesch Koordinaten an der GeodesieEllipsoidesch Koordinaten op PlanéitenEllipsoidesch Koordinaten Kuckt ochEllipsoidesch Koordinaten LiteraturEllipsoidesch Koordinaten Um SpaweckEllipsoidesch KoordinatenGeographesch KoordinatenKoordinaten

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Eschdoerfer MusikKatakanaThailandTierkeiUnion Lëtzebuerg1961DagHellenismus30NepalDoudesstrof2003Gemeng HabschtYWikipedia op LëtzebuergeschJuliJura (Geologie)Michel Piccoli187112AtomCharles Schaack (Jurist)Sébastien vu Lëtzebuerg8Sophie Mousel46Niccolò MachiavelliKouertWeiss (Familljennumm)James Robertson JusticeNCharles-Mathias SimonsKommunikatiounsprotokollBhutan43IndonesienSpuerkeess1957GiraffVulvaGast Michels7911862Schëld E, 25a66Eugène RuppertStadBrongen ZwergRadar22Vincent van Gogh1987LapislazuliWestlech Welt55Canton de Roanne-SudAntoine Pohu19602000San Francisco64Domaine public1922Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst11Laos21. JuliJames BuchananWebbrowser🡆 More