D'System vun den Heliographesche Koordinate déngt der Bezeechnung vu geneeë Positiounen op der Uewerfläch vun der Sonn.
Déi béid Kugelkoordinate bezéie sech op dat mëttelt Héichteniveau vun der Photosphär (siichtbar Begrenzung vum Sonnerand) a ginn als
Si ginn analog definéiert wéi d'geographesch Breet an d'Längt op der Äerd, bezéie sech awer (am Géigesaz zu dëser) net op en Ellipsoid, mä op eng exakt Kugel. An der Aart vun hirer Definitioun entsprieche si der geographescher Breet an der Längt op der Äerd.
D'Bezeechnung heliographesch kënnt aus dem Griichesche fir Sonn (Hελios, Helios) an zeechnen / beschreiwen (γραφειν, grafe•in). Si gouf an Analogie zu der Selenographie an d'Astronomie agefouert, wou sech de Schwéierpunkt vun der Sonnefuerschung vun der Astrometrie zu der Sonnephysik verlagert a rechneresch Modeller vun der Sonnerotatioun erfuerdert goufen.
Den heliographeschen Nullmeridian ass eegemächteg gewielt – sou wéi de geographeschen Nullmeridian – stellt awer am Géigesaz zu Greenwich kee feste Punkt duer. Hie rotéiert geneesou wéi all Punkte vum Sonnenequator a 27,3 Deeg (synodesch a 25 Deeg), awer – entspriechend der Gasphysik – eppes méi séier wéi déi weider a Richtung Pol leiend Regioune vun der Sonn.
Eng zweet Eegenheet vun der heliographescher géintiwwer de geographesche Koordinate läit am Ënnerscheed tëscht der Sonnen- an der Äerdfigur. D'Äerdfigur ass ongeféier en Ellipsoid, wärend d'Sonn bal genee eng Kugel duerstellt. Well eng Ofplattung vun der Sonn moosstechnesch net nozeweisen ass, sinn ellipsoidesch Koordinaten net noutwendeg. Dofir muss och net tëscht ellipsoidescher Breet a (geo)zentrescher Breet ënnerscheet ginn, mä eng op déi mëttel Sonnekugel bezunne Breet geet fir d'Koordinatenangab duer.
Angaben zu den heliographesche Koordinate vun der visueller Sonnenmëtt fënnt een an den Astronomesche Joerbicher, besonnesch an den Astronomical Ephemeris. Si sinn ënner anerem fir déi genee Amiessung vu Sonneflecken a Flares noutwendeg.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Heliographesch Koordinaten, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.