Den Nord (59) ass e franséischt Departement an der Regioun Hauts-de-France.
Nord (59) | |
---|---|
Regioun | Hauts-de-France |
Prefecture | Lille |
Ënnerprefecture | Avesnes-sur-Helpe Cambrai Douai Dunkerque Valenciennes |
Bevëlkerung | 2.577.000 Aw.(2004) |
Fläch | 5.743 km² |
Arrondissementer | 6 |
Kantonen | 79 |
Gemengen | 652 |
Et ass dat am nërdlechste geleeënt Departement, dohier säin Numm.
D'Departement Nord gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt, an zwar aus Deeler vun der aler Provënz Flandern an Deeler vum Hainaut an dem Cambrésis.
Den Nord ass en Deel vun der Regioun Hauts-de-France. E grenzt un d'Departementer Pas-de-Calais, Aisne a Somme an un d'Belsch.
Et stéisst och un d'Nordmier. Stréim a Flëss déi derduerch lafe sinn d'Yser, d'Leie, den Escaut, d'Scarpe an d'Sambre. De Kanal vun der Deûle leeft duerch Lille, seng Prefecture.
D'Awunner vum Nord ginn op Franséisch Nordistes genannt.
Commons: d'Departement Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Departement Nord, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.