D'Beruffspompjeeën (Ofkierzung: BF, fir Berufsfeuerwehr (de)), offiziell “Service d'incendie et d'ambulances”, war bis den 30.
Juni">30. Juni 2018 e Pompjeescorps, deen nëmmen aus haaptberuffleche Pompjeeë bestanen huet an dee vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gouf. Et war - nieft de Pompjeeë vum Fluchhafen - den eenzege Corps vu Beruffspompjeeën zu Lëtzebuerg.
Zënter dem 1. Juli 2018 sinn d'Beruffspompjeeën mat den anere Rettungsdéngschter am CGDIS regroupéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Corps grand-ducal d'incendie et de secours.
.
D'Beruffspompjeeë goufen 1922 gegrënnt an de Corps bestoung deemools aus 9 Leit. Enn 2017 (31.12.) waren et 183 Leit. Vun deene waren 23 Leit an enger Féierungspositioun, 157 ware Pompjeeën a 6 Persounen haten eng administrativ Aufgab.
vun | bis | Kommandant |
---|---|---|
1922 | 5. September 1949 | Nicolas Kieffer |
31. August 1949 | 1. Juli 1955 | Robert Polfer |
1955 | 15. Juli 1959 | Mathias Wiwinius |
5. Dezember 1958 | 1. November 1987 | Aloyse Lickes |
23. November 1987 | 12. Juli 1991 | Valentin Dahm |
12. Juli 1991 | 27. Abrëll 2018 | Erny Kirsch |
1. Mee 2018 | Serge Heiles |
D'Aufgab vun de Beruffspompjeeë war fir bei Feier an Accidenter, bei Gefor fir Mënsch an Natur asw. z'intervenéieren. Am Joer 2017 hate si 17.809 Asätz, wouvu et 468 (2,63 %) Feierasätz, 1.452 (8,15 %) Rettungsasätz a 15.889 (89,22 %) Asätz mat enger Ambulanz waren.
Rang | Plaz vum Asaz | Unzuel |
---|---|---|
1 | Strooss | 587 |
2 | Appartementshaus | 389 |
3 | Eefamilljenhaus | 138 |
4 | Autobunn | 91 |
5 | Bürosgebai | 60 |
6 | Schantjen, Réibau | 57 |
7 | Industriebetrib | 55 |
8 | Schoul, Spillschoul | 47 |
9 | Baussefläch | 46 |
10 | Ëffentlecht Gebai | 42 |
Aner Plazen | 408 | |
Total | 1.920 |
Rang | Plaz vum Asaz | Unzuel |
---|---|---|
1 | Appartementshaus | 3.374 |
2 | Eefamilljenhaus | 2.485 |
3 | Gebai | 2.384 |
4 | Trëttoir | 1.903 |
5 | Klinick | 1.881 |
6 | Strooss | 892 |
7 | Plaz | 682 |
8 | Schoul | 479 |
9 | Hotel, Café-Restaurant | 473 |
10 | Handwierks- oder industrielle Betrib | 359 |
aner Plazen | 1.206 | |
Total | 16.118 |
Vun 1930 bis 2021 war d'Kasär vun de Stater Beruffspompjeeën op der Areler Strooss, just nieft dem Stade Josy Barthel an der Stad Lëtzebuerg.
Den 12. September 2021 sinn d'Beruffspompjeeën an engem Cortège an den neie Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech geplënnert.
Enn 2017 haten d'Beruffspompjeeë follgend Gefierer:
E puer Gefierer vun de Beruffspompjeeën
Commons: Pompjeesgefierer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Beruffspompjeeën, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.