D'Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, ((en) Association of Southeast Asian Nations, kuerz ASEAN), ass eng international Organisatioun vu südostasiatescher Staaten déi den 8.
August 1967 gegrënnt gouf. Si huet hire Sëtz zu Jakarta (Indonesien). All Joers am November ass e Sommet vun de Memberstaaten.
Am Ufank war d'Zil vun der ASEAN, déi wirtschaftlech, politesch a sozial Zesummenaarbecht ze verbesseren. No an no koumen och d'Politikberäicher Sécherheet, Kultur an Ëmwelt derbäi. Am September 2009 hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun den ASEAN-Memberlänner decidéiert, e Bannemaart nom Virbild vun der Europäescher Unioun ze schafen.
D'ASEAN huet 10 Memberstaate mat ronn 600 Milliounen Awunner (ronn 8 % vun der Weltbevëlkerung) an eng Fläch vu knapps 4,5 Millioune km². 2013 louch den zesummegerechente BIP vu senge Membere bei ronn 2,4 Billiounen US-Dollar.
Am Laf vun de Jore goufen eng Rëtsch Ënner-Organisatioune geschaf: den ASEAN-Regionalforum (ARF) fir Sécherheetsfroen, d'ASEAN-Fräihandelszon (AFTA) fir den Handel ze fërderen, d'ASEAN Investment Area (AIA) fir géigesäiteg Direktinvestitioune méi einfach ze maachen, asw.
D'Virleeferorganisatioun vun der ASEAN war d'Association of South-East Asia (ASA, 1961–1967).
Thailand, Indonesien, Malaysia, d'Philippinnen a Singapur waren d'Grënnungsmemberen.
Haut sinn dës Länner Member vun der ASEAN:
Commons: ASEAN – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.