Ashcan

Ashcan oder Camp Ashcan (en.

Ashcan Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gefaangenelager, dat sou genannt gouf. Fir den Dokumentarfilm doriwwer, kuckt wgl. Ashcan (Film).
Ashcan
Gruppefoto vun den Nazigréissten am Ashcan – Fréijoer 1945
Ashcan
Legend vun der Gruppefoto vun den Nazigréissten am Ashcan
Ashcan
De Palace Hotel = Ashcan

Offiziell housch et Central Continental Prisoner of War Enclosure No. 32, an et war zu Munneref am Palace Hôtel ageriicht ginn. Hei goufen tëscht dem Mee an dem August 1945 bal all déi bis dohi gefaangen Nazigréissten an héichrangeg däitsch Militär festgehalen, fir verhéiert ze ginn, ier se op Nürnberg bruecht goufen, wou se virun d'Krichsverbriechertribunal koumen.

Ënner de 86 Gefaangene waren en ettlech vun den nach liewege Nazibonzen: de Reichsmarschall Hermann Göring, de Julius Streicher, Editeur vun der antisemittescher Wochenzeitung Der Stürmer a Gauleiter vu Franken, den Alfred Rosenberg, eng Zort Nazi-Philosoph, de Robert Ley, Chef vun der Arbeiterfront, den Ausseminister Joachim von Ribbentrop. Ausserdeem den Arthur Seyss-Inquart, Reichskommissar vun Holland, den Hans Frank, Generalgouverneur vu Polen, de Karl Stroelin, Buergermeeschter vu Stuttgart, de Wilhelm Frick, Reichsprotektor vu Béimen a Mieren a virdrun Inneminister an de Walther Funk, President vun der Reichsbank.

Och e groussen Deel vun der Militärféierung souz do: de Generolfeldmarschall Wilhelm Keitel, de Generaloberst Alfred Jodl, säi Stellvertrieder a Generol vun der Artillerie, Walter Warlimont, de Grossadmiral Karl Dönitz, d'Feldmarschallen Albert Kesselring a Werner von Blomberg, an de Generolfeldmarschall Gerd von Rundstedt. Weiderhin d'Genereel Friedrich von Boetticher, Hermann Reinecke, Johannes Blaskowitz, Heinz Guderian a Sepp Dietrich.

Zu Frankfurt gouf et zur selwechter Zäit en änlecht Lager, Dustbin genannt (wat och Dreckskëscht heescht), dat ënner brittescher Féierung stoung, an an deem déi éischter "technesch" Kollaborateure vum Naziregime, dorënner den Albert Speer, op hire Prozess gewaart hunn.

D'Gefaangelager

An der Ashcan waren d'Prisonéier um 3. a 4. Stack ënnerbruecht, den 2. Stack war eidel, d'Amerikaner hate sech um 1. Stack ageriicht. D'Hotelsariichtung ass aus de Gefaangenzëmmeren erausgeholl an duerch eng méi spartanesch-militäresch (Feldbetter, hëlze Still amplaz Fotellen, asw.), ersat ginn. Déi Gefaange konnten daagsiwwer fräi ronderëmgoen, se konnte souguer eraus an de Park (ronderëm deen natierlech pickegen Drot a Wiechter waren) a fräi matenee schwätzen. Dat war express sou gewollt, fir datt se méi gespréicheg bei de Verhéiere sollte ginn.

5 amerikanesch Intelligence Officer hu vun der Nazi Warcrime Commission reegelméisseg Questionnairë geschéckt kritt, mat deene se d'Prisonéier ausgefrot hunn. Ee vun de Verhéierer war den John Ernest Dolibois, e gebiertege Bouneweger, dee spéider amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg sollt ginn. Hien huet, als "John Gillen", d'Roll vum "welfare officer" gespillt, dee sech ëm d'Wuelergoe vun deenen "héijen Häre" sollt këmmeren. Dat huet him erméiglecht, wäertvoll Informatiounen an Temoignagen ze sammelen, well déi Gefaange mam géigesäitege Beschass net gespuert hunn. Besonnesch d'Militär op der enger Säit an d'pur-et-dur Nazien op där anerer haten et openee sëtzen. Verschiddener wollte sech wichteg maachen, anerer ware schlau genuch, ze probéieren, hir Roll méi onwichteg ze maachen, wéi se war.

Ënner den offiziellen Dolmetscher war de Munnerëffer Lé Tanson.

Ganz konnten d'Amerikaner iwwregens net geheim halen, wat hanner dem pickegen Drot verstoppt war: Munnerëffer Zäitzeien erzielen, als Kanner do an der grousser Vakanz ronderëmgeschlach ze sinn, fir, wéi si et genannt hunn, d'"Göringen ze kucken".

Och d'Press huet natierlech probéiert erauszefannen, wou déi "déck" Nazien dru wieren. De France Soir war deen éischten, deen den 18. Juli 1945 d'Nouvelle erausbruecht huet, a geschwënn sinn d'Journaliste vun aneren Zeitungen op Munneref komm, fir méi gewuer ze ginn. E puer goufen der an d'Lager eragelooss. Dorënner war och d'Erika Mann, déi déi Zäit fir de Londoner Evening Standard geschriwwen huet. Si war entsat a rosen iwwer déi larmoyant Onscholds- an Onwëssensmentalitéitt an déi selbstsécher Arroganz vun der NS-'Elite', déi do versammelt war. No hirem Besuch am Hotel, "aus dem die Insassen ein Irrenhaus gemacht haben", huet si geschriwwen: "Ein gespenstischeres Abenteuer ist nicht vorstellbar".

Am Time Magazine vum 7. November 1945 gouf eng Foto vun enger Säit publizéiert, wou all Gefaangen, wéi op enger Klassefoto, drop ze gesi waren. Den Titel war ironesch The class of 1945.

Nodeem d'Prisonéier den 10. August 1945 op Nürnberg bruecht gi waren, gouf d'Camp Ashcan opgeléist. E puer Joerzéngte laang huet d'Gebai fir d'Büroe vun der Biederverwaltung gedéngt. 1988 gouf et ofgerappt, fir dem modernen Domaine Thermal Plaz ze maachen.

Ashcan am Film an am Theater

Literatur

  • Georges Even (ed.): Krichserliefnisser 1940 - 1945: Luxemburger Zeitzeugen erzählen. Éditions Binsfeld 2003, ISBN 2-87954-128-X. Dodran:
    • Marcel Hennico: "'Komm, mir ginn d'Göringe kucken!'", S. 136-143;
    • "Die 'Ashcan'-Insassen", S. 144-160:
    • Walter Lüdde-Neurath: " Bad-Mondorf aus der Sicht eines Gefangenen", S. 161-169;
    • John E. Dolibois: "Die Vernehmungen der Nazibonzen", S,170-173;
    • Robert Jos Agro Melina: "Die geheimnsivolle Welt des 'Ashcan'", S.174-.
  • Lé Tanson: "Die wechselvolle Geschichte des Mondorfer Palace Hotels", in: Mondorf-les-Bains: Son passé, son présent, son avenir. [Luxembourg]: Les Publications mosellanes ; Mondorf-les-Bains: Le Domaine thermal, cop. 1997, S. 217-220.
  • Lé Tanson: "Vor 25 Jahren: Braune Gäste in Bad Mondorf", In: Revue, Jg. 25(1970), Nr. 32, S. 20-23.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ashcan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ashcan  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen

Tags:

Ashcan DGefaangelagerAshcan am Film an am TheaterAshcan LiteraturAshcan Kuckt ochAshcan Um SpaweckAshcanDreckskëschtEngleschVereenegt Staate vun AmerikaZweete Weltkrich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

American Horror StoryISBNCôte de WanneEngel AlbertDesniéJoerGeorges MischoMarie HeinzDavid GoldrakeHochzäitsnuechtAlbert BorschetteWëllem IV. vu LëtzebuergVereenegt Staate vun AmerikaBud Luckey10. FebruarBoosselenGolf vum OmanCQ (Film)KlitorisEsch-UelzechtMarie-Antoinette vun ÉisträichJemp SchusterMediaWikiWikiKulturzentrum KulturfabrikZesummen - d'BréckLëtzebuerger Filmpräis 2018Xavier BettelDominique LangLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenKanton LëtzebuergGeometrieSchlesienPatrick SanaviaRafael Springer16. MäerzErnst Wilhelm ContzenBiergerdagEise PappJean-Antoine ZinnenGuillaume vu LëtzebuergHoratio Herbert KitchenerWeltgesondheetsorganisatiounGëlle FraLes inconnus dans la maisonRob DeltgenBleachTony AwardsIechternachLëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm23. JuniFC Blo-Wäiss IzegLiège-Bastogne-Liège 2022Pablo EscobarSynagog Stad LëtzebuergTschechesch RepublikPit RomersaKënzegPatxi Xabier Lezama PerierKierch HeischentWanterFluchhafe LëtzebuergGaston ReineschVerluerekaschtGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichRegierung Bettel-Lenert-BauschKontraktJoseph KutterJules WernerMoldawienCharles Arendt18. September🡆 More