Pickegen Drot besteet gewéinlech aus zwéi verdrillten Dréit, op deenen a reegelméissegen Ofstänn zwéin Dréit opgewéckelt sinn, deenen hir Enner radial ofstinn an déi queesch ofgeschnidde sinn, soudatt s'eng schaarf Kant hunn.
Pickegen Drot gëtt gespaant oder a Rullen ausgeluecht, fir Mënschen an Déieren drun ze hënneren, anzwousch eran oder erauszegoen.
De pickegen Drot gouf zanter der zweeter Hallschecht vum 19. Joerhonnert entwéckelt, wéi an de Vereenegte Staaten d'Rannerziichter hir Weeden hu missen ofgrenzen, resp. schützen. Geschwë koum en och militäresch zum Asaz, eng éischte Kéier am Zweete Burekrich, wéi d'Engländer domat hir Militärbase virun Ugrëffer schütze wollten.
1873 huet den Joseph F. Glidden seng Erfindung vum pickegen Drot patentéiere gelooss. D'Firma Washburn and Moen huet 1876 ugefaangen, en industriell ze produzéieren, an 1884 hu se en Accord mat der däitscher Firma Felten & Guilleaume geschloss, déi en och zu Lëtzebuerg verkaaft huet.
Haut gëtt bei Véiweeden ëmmer méi dacks Drot, deen ënner Stroum steet, geholl, well de pickegen Drot eng Gefor virun allem fir grouss Vullen ass, déi doranner hänke bleiwen a sech blesséieren oder esouguer futti goe kënnen, ma och soss den Déiere Péng mécht, resp. hinne Wonne mécht, déi d'Qualitéit vun hirer Haut erofsetzen.
An eenzelen Gemengen ass et verbueden en Zonk mat pickegem Drot direkt laanscht d'Gemengeweeër opzeriichten.
Commons: pickegen Drot – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pickegen Drot, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.