De Claude Lahr, gebuer de 6.
Februar">6. Februar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Realisateur vun Dokumentarfilmer.
Claude Lahr | |
---|---|
Gebuer | 6. Februar 1962 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Claude Lahr huet säi Studium um Institut national supérieur des Arts du Spectacle (INSAS) zu Bréissel an der Sektioun Réalisation et Production cinéma/tv' mat engem Diplom ofgeschloss.
Hie huet als Regie-Assistent a Produktiounsleeder un enger Rëtsch vu belschen, franséischen a lëtzebuergesche Filmer a Reklamms-Spotten matgeschafft.
1997 huet hien e Kuerzfilm fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Lissabon 1998, Les industries de l'eau, gedréint. D'Joer drop huet hien en Documentaire a Spillfilmläng mam Titel Stol iwwer d'Lëtzebuerger Stolindustrie erausbruecht. Duerno huet en nach weider kuerz Filmer produzéiert, ënner anerem ee fir de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg, éier en 2004 national Opmierksamkeet krut fir säin Documentaire Heim ins Reich iwwer d'Zäit vun der däitscher Besatzung zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Dofir huet en 2005 mam Lëtzebuerger Filmpräis an de Kategorien "Beschte Film" a "Publikumspräis" ausgezeechent. Och kommerziell gesi war mat iwwer 25.000 Kinosspectateuren e grousse Succès.
2006 huet hie fir Arte en zweemol 52 Minutte laange Reportage zum Theema L'Europe de la défense gedréint, an donieft och nach mat Les maîtres du vent e Kuerzfilm iwwer d'Restauratioun vun der Stahlhut-Uergel an der Kierch Diddeleng.
De Claude Lahr huet d'Sitcom Weemseesdet matgeschriwwen.
Fir de Documenataire Ashcan war hien 2018 e Berode vum Regisseur.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Claude Lahr, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.