Den Anders Celsius, gebuer de 27.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Anders Celsius. Fir aner Bedeitunge vu "Celsius", kuckt wgl. Celsius. |
November">27. November 1701 zu Uppsala, an do gestuerwen de 25. Abrëll 1744, war e schweedeschen Astronom, Mathematiker a Physiker.
Anders Celsius | |
---|---|
Gebuer | 27. November 1701 jul. Uppsala |
Gestuerwen | 25. Abrëll 1744 jul. Uppsala |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Astronom, Physiker, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Erfinder, Chimist, Meteorolog |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie |
Hien huet op der Universitéit Uppsala studéiert a gouf do am Joer 1730 Professer. 1736 huet hien dann un enger Expeditioun zwecks Vermiessung vun der Äerdform deelgeholl. 1741 huet hien deen éischte schweedeschen Observatoire zu Uppsala fäerdeg gestallt. Den Celsius war ausserdeem och Poet an Auteur.
Den Celsius war den Éischten, deen d'Hellegkeet vun de Stäre miesstechnesch ënnersicht huet an hien huet och erausfonnt, datt d'Polarliichter d'Magnéitfeld vun eiser Äerd stéieren.
Den Anders Celsius ass un Tuberkulos am Alter vun 43 Joer gestuerwen a läit an der Kierch vu Gamla Uppsala begruewen.
Den Celsius definéiert 1742 déi no him benannten Temperaturandeelung Grad Celsius. Am Géigesaz vun der haut aktueller Celsius-Skala huet hien de Kachpunkt vum Waasser mat 0° an de Gefréierpunkt mat 100° festgeluecht. Eréischt säi Schüler Carl von Linné huet am Joer 1745 kuerz nom Doud vum Celsius d'Skala ëmgedréint. Haut gëtt si ausschliisslech an der leschter Form gebraucht. Revolutionär war, datt den Celsius virgeschloen hat, si als universell Skala ze benotzen, fir Temperaturen an der ganzer Welt ze vergläichen: Am Géigesaz zu anere Fuerscher notéiert hien déi genee Bestëmmunge vu Fixpunkten an och de Loftdrock (760 mm op der Quecksëlwersäil) a leet genee Miessbedingunge fest.
1948 gouf d'Temperaturskala vun der 9. Generalkonferenz fir Mooss a Gewiicht am Undenken un den Anders Celsius an Celsius-Skala ëmbenannt. Den Originalthermometer kann een haut am Universitéitsmusée vun Uppsala, dem Gustavianum gesinn.
Commons: Anders Celsius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Anders Celsius, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.