De Grad Celsius ass eng Moosseenheet vun der Temperatur.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Celsius-Skala gouf 1742 duerch de schweedeschen Astronom Anders Celsius agefouert, no deem d'Eenheet 1948 och genannt ginn ass.
D'Celsius-Temperaturskala huet als Fixpunkten d'Temperature vum Gefréier- a Kachpunkt vum Waasser bei Normaldrock, d. h. engem Loftdrock vun 1013,25 hPa.
Dës Temperature gi mat engem Quecksëlwerthermometer gemooss an den Deel tëscht dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt, an eng Skala vun 100 gläichlaangen Ofschnëtter agedeelt. Ee sou en Deel gëtt Grad genannt. Deemno ass de Kachpunkt bei 100 Grad, de Gefréierpunkt bei 0.
Als Formelzeeche fir d'Celsius-Temperatur ass d'Zeechen (seelen och ) (Theta), an no DIN 1345 vum Dezember 1993 de klengen t gebräichlech an normgerecht.
Falsch ass dogéint de Gebrauch vum groussen „T“.
De groussen T gëtt fir d'absolut Temperatur an der Kelvin-Skala gebraucht.
Fir d'Zuelewäerter vun enger Celsius-Temperatur an der entspriechender thermodynamescher Temperatur gëllt follgend Bezéiung:
D'Temperaturdifferenz ass den Ënnerscheed an der Temperatur vun zwéi Miesspunkten , déi sech an der Zäit an/oder raimlecher Positioun ënnerscheeden.
D'Zuelewäerter vun Temperatur-Differenze stëmme beim Gebrauch vun der Eenheet Kelvin oder Grad Celsius iwwereneen:
Commons: Grad Celsius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Grad Celsius, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.