Den Alfred Deller, gebuer den 31.
Mee">31. Mee 1912 zu Margate am Kent a gestuerwen de 16. Juli 1979 zu Bologna an Italien, war en englesche Kontertenor.
Alfred Deller | |
---|---|
Gebuer | 31. Mee 1912 |
Gestuerwen | 16. Juli 1979 Bologna |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Operesänger |
Den Alfred Deller huet als Bouf Sopran gesongen. Nom Stëmmbroch huet hien als Kontertenor weidergesongen. Hien huet dunn an de Chéier vun der Canterbury-Kathedral a vun der St. Paul's Kathedral gesongen. Am Joer 1948 hat en zu London säin éischte Solooptrëtt.
Den Alfred Deller huet sech haaptsächlech op Englesch Barock a Renaissancemusek vun de Komponisten John Dowland an Henri Purcell spezialiséiert. Ëm 1950 grënnt en den Deller Consort, e Vokal- an Instrumentalensembel, dee sech der fréier englescher Musek unhëlt.
Donieft ëmfaasst säi Repertoire och aner Partien, wéi Opere vum Georg Friedrich Händel.
Den Alfred Deller huet den 11. Juni 1960 um Festival vun Aldeburgh bei der Éischtopféierung vun der Oper A Midsummer Night's Dream vum Benjamin Britten d'Kontertenorroll vum Oberon gesongen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alfred Deller, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.