Den Alan Hale, gebuer am Joer 1958 zu Tachikawa, Japan ass en US-amerikaneschen Astronom.
Alan Hale | |
---|---|
Gebuer | 7. Mäerz 1958 Tachikawa |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New Mexico State University, United States Naval Academy |
Aktivitéit | Astronom |
Den Alan Hale gouf a Japa gebuer, awer seng Famill war nach a sengem éischte Liewensjoer op Alamogordo an New Mexico ausgewandert. No der High School studéiert hie vun 1976 bis 1980 an der U.S. Naval Academy zu Annapolis. Hie verléisst 1983 d'Navy a goung un de Jet Propulsion Laboratory (JPL) zu Pasadena. Hie war do mat dem Deep Space Network beschäftegt. Nom Uranus-Passage vun der Voyager 2 huet hien de JPL verlooss a studéiert un der New Mexico State University zu Las Cruces Astronomie. No senger Promotioun 1992 iwwer Orbital Coplanarity in Solar-Type Binary Systems: Implications for Planetary System Formation and Detection schafft hien ufanks fir The Space Center in Alamogordo (dem haitegen New Mexico Museum of Space History), 1993 grënnt hien d'Southwest Institute for Space Research, wou hien och Direkter ass.
D'Aarbechtsschwéierpunkte vum Hale leien an der Sich no Exoplanéiten a Klengkierper am Sonnesystem, speziell Koméiten an äerdno Asteroiden. Hie gouf virun allem duerch d'Entdeckung vum Koméit Hale-Bopp (onofhängeg vum Thomas Bopp) a vu senger Bedeelegung um International HalleyWatch 1986 bekannt.
Den Hale lieft zesumme mat senger Fra Eva a senge Jongen Zachary an Tyler an de Sacramento Mountains bei Cloudcroft an New Mexico.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alan Hale, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.