Afrikanesch Entwécklungsbank

D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch: Banque africaine de développement oder kuerz BAD; op Englesch: African Development Bank oder kuerz AfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir den afrikanesche Kontinent mat Sëtz zu Abidjan an der Côte d'Ivoire.

Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum Beispill Infrastruktur, Landwirtschaft oder de private Secteur.

Banque africaine de développement
African Development Bank
Afrikanesch Entwécklungsbank
Afrikanesch Entwécklungsbank
Typ Bank
Slogan Bâtir aujourd'hui, une meilleure Afrique demain
Building today, a better Africa tomorrow
Grënnungsdatum 1964
Sëtz Afrikanesch Entwécklungsbank Côte d'Ivoire, Abidjan
Leedung Donald Kaberuka (President)
Conseil des gouverneurs
Conseil d'administration
Produit Entwécklungszesummenaarbecht
Homepage www.afdb.org
Afrikanesch Entwécklungsbank

Geschicht a Struktur

Afrikanesch Entwécklungsbank 
Den Akinwumi Adesina, President vun der Bank zanter 2015

D'Ofkommes fir d'Bank ze grënnen, gouf de 4. August 1963 zu Khartum am Sudan adoptéiert an dräi Joer méi spéit, den 1. Juli 1966, huet se ugefaange mat schaffen. Obwuel d'AfDB ufanks als puer afrikanesch Institutioun gegrënnt gouf, ass 1979 decidéiert ginn, och net-afrikanesch Länner zouzeloosse fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. Wéinst der Resistenz vu verschiddene Länner, dorënner Nigeria an Algerien, ass déi Entscheedung awer eréischt 1982 ëmgesat ginn.

Nieft den uewe genannte Prioritéitssecteure vergëtt d'AfDB och Kreditter un déi finanziell méi staark Staaten, haaptsächlech an Nordafrika. Zousätzlech gëtt et am Grupp vun der AfDB nach déi separat Entitéite vum Afrikaneschen Entwécklungsfong (Fonds africain de développement; African Development Fund) a vum Nigeria Trust Fund (Fonds spécial du Nigéria).

Den afrikaneschen Entwécklungsfong gëtt aarme Länner Kreditter zu konzessionäre Konditiounen an huet als Zil d'Aarmutsreduktioun. D'Sue fir dee Fong kommen ausschliisslech vun net-afrikanesche Staaten. Den Nigeria Trust Fund ass 1976 mat engem Accord tëscht dem AfDB Grupp an der nigerianescher Regierung mam Zil geschaf ginn, d'Entwécklungsefforte vun der Bank hire Membere mat niddregem Akommes z'ënnerstëtzen. Haut spillt dee Fong awer nëmmen nach eng manner wichteg Roll.

Déi éischt Hallschent vun den 1990er Jore war fir d'AfDB vu Krise markéiert, well d'Bank duerch héich Verloschter, politesch Muechtspiller an onduerchsichtegem Management u Reputatioun verluer huet a massiv vun Ausse kritiésiert ginn ass. No 1995 ass d'Bank ënner der Leedung vum Marokaner Omar Kabbaj staark reforméiert ginn, wat hire Leeschtungprofil an hir Kredibilitéit bedéitend verbessert huet. 2005 bis 2015 war de ruandeschen Ekonomist Donald Kaberuka President vun der AfDB. Zanterdeems ass den Akinwumi Adesina President.

Nom Putsch an der Côte d'Ivoire huet d'AfDB hir Operatiounen temporär op Tunis verluecht. De komplette Retour op Abijan ass fir 2014 ugekënnegt.

Am Ablack (Stand 2023) sinn 82 Länner Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch an 28 net-afrikanesch Länner. Um 31 Dezember 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vun ongeféier 12,06 Milliarden US-Dollar géréiert, dovun ëm déi 7,05 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.

Lëtzebuerg an d'Afrikanesch Entwécklungsbank

Am Juni 2013 huet de Lëtzebuerger Regierungsrot e Gesetzesprojet adoptéiert, deen d'Adhésioun vu Lëtzebuerg zur Afrikanescher Entwécklungsbank virgesinn huet. Fir Member bei der Bank ze ginn muss e Land gläichzäiteg Member beim Afrikaneschen Entwécklungsfong ginn. Den 10. Mee 2014 hunn de Finanzminister Pierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka zu Lëtzebuerg den Accord iwwer d'Memberschaft ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt Lëtzebuerg iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren.

Presidenten

  • 1964-1970: Mamoun Beheiry (Sudan)
  • 1970-1976: Abdelwahab Labidi (Tunisien)
  • 1976-1979: Kwame Donkor Fordwor (Ghana)
  • 1979-1980: Godwin Gondwe (Malawi, Interimspresident)
  • 1980-1985: Willa Mung'Omba (Sambia)
  • 1985-1995: Babacar N'diaye (Senegal)
  • 1995-2005: Omar Kabbaj (Marokko)
  • 2005-2015: Donald Kaberuka (Rwanda)
  • 2015-haut: Akinwumi Adesina (Nigeria)

Memberen

(Stand: 2020)

Afrikanesch Memberstaaten

Egypten Algerien Angola
Equatorialguinea Ethiopien Benin
Botswana Burkina Faso Burundi
Dschibuti Côte d'Ivoire Eritrea
Eswatini Gabun Ghana
Gambia Guinea Guinea-Bissau
Kamerun Cap Vert Kenia
Komoren Demokratesch Republik Kongo Republik Kongo
Lesotho Liberia Libyen
Madagaskar Malawi Mali
Marokko Mauretanien Mauritius
Mosambik Namibia Niger
Nigeria Ruanda Sambia
São Tomé a Príncipe Senegal Seychellen
Sierra Leone Simbabwe Somalia
Sudan Südafrika Südsudan
Tansania Togo Tschad
Tunesien Uganda Zentralafrikanesch Republik

Net-afrikanesch Memberstaaten

Um Spaweck

Commons: Afrikanesch Entwécklungsbank – Biller, Videoen oder Audiodateien

Weider Quellen

  • Kleines Afrika-Lexikon, 2004, R. Hofmeier an A. Mehler (Hrsg), C.H. Beck oHG, München

Referenzen

Tags:

Afrikanesch Entwécklungsbank Geschicht a StrukturAfrikanesch Entwécklungsbank Lëtzebuerg an dAfrikanesch Entwécklungsbank PresidentenAfrikanesch Entwécklungsbank MemberenAfrikanesch Entwécklungsbank Um SpaweckAfrikanesch Entwécklungsbank Weider QuellenAfrikanesch EntwécklungsbankAbidjanAfrikaCôte d'IvoireInfrastruktur

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

BéinchenPilzeräichLucien BlauPaul Koch (Politiker)Vincent Van GoghRäisParaguayGreta GarboCarlo NellCarl von Linné Jr.DresdenMediaWikiFranséisch FoussballnationalekippLeón (Spuenien)Lara MarxKrich an der VendéeKrankheetSingapur (Republik)Réimescht RäichEquatorOralverkéierSuizidYouTubeKarfreidegExchange (Skulptur)1958Gordon Cooper19181940VulvaHip-HopNepal1992StandardmodellLëtzebuerg (Stad)1983HermiesAung San Suu KyiGR-WäitwanderweeërKathoulesch KierchNapoleon BonaparteNaomi AyéEdsunEd LauterWaassergaass (Stad Lëtzebuerg)Mathematesch PhysikKolumbienElinor OstromShapley-Sawyer-KonzentratiounsklassKartographCoppa Bernocchi 2023SowjetuniounFoussballMasturbatiounChileNGC 6369Donkel MatièreNilgänsHelga SommerfeldSapigniesHollandGemeng Ierpeldeng op der SauerÉisträichKanton Esch-UelzechtSankt PéitersbuergSyndicat des eaux du Centre2016BioinformatikSlowakei🡆 More