De Begrëff Infrastruktur kann an zwou grouss Kategorien opgedeelt ginn, déi sech vun hirem Gebrauch an Zil hier vuneneen ënnerscheeden.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zu de militäreschen Infrastrukture gehéieren all d'Installatiounen an territorial Organisatiounen, déi fir de Fonctionnement vun der Sträitmuecht vun engem Land néideg sinn. Dozou gehéiert den Opbau, den Ënnerhalt, d'Rekrutement an d'Instruktioun an den Arméien, grad sou wéi d'Kasären oder d'Base wéi Militärfluchhäfen a Schëffshäfen, déi ausschliisslech vun der Arméi, der Loftwaff oder der Krichsmarine gebraucht ginn.
Zu den zivillen Infrastrukture vun engem Land gehéiere mat hiren Ënnerdeelungen all déi Installatiounen an Organisatiounen, déi näischt mam militäresche Beräich ze dinn hunn oder net exklusiv vun der Arméi benotzt ginn.
Dozou zielen an éischter Linn Infrastrukturen, déi wichteg si fir d'Economie, d'Gesondheet an d'alldeeglecht Liewen an engem Land, an déi op ideologeschen a politeschen Iwwerleeungen an Noutwennegkeete baséieren. Si vermësche sech am Prinzip mat villen techneschen, medezineschen, industriellen, oder och reliéisen Infrastrukturen.
Commons: Infrastruktur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Infrastruktur, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.