20. Mee: D'Kinnigin Maria II. vu Portugal entléisst hire Ministerpresident António Bernardo da Costa Cabral an ersetzt en duerch de liberale Pedro de Sousa Holstein. Ma schonn de 6. Oktober gëtt dësen duerch de konservative João Carlos de Saldanha Oliveira e Daun, Herzog von Saldanha remplacéiert. Et kënnt zu engem Biergerkrich, dee bis 1847 dauert.
10. Oktober: Duebelhochzäit a Spuenien: D'Isabella II. bestit hire Koseng Francisco de Asís de Borbón, iwwerdeems hir Sëschter Maria Luisa den Antoine d'Orléans Herzog vu Montpensier, Jong vum franséische Biergerkinnek Louis-Philippe.
Afrika
Amerika
Nordamerika
15. Juni: Am Oregon-Kompromëss eenege sech Groussbritannien an d'USA iwwer hir gemeinsam Grenz am Weste vum amerikanesche Kontinent, déi ewell um 49. Breetegrad lafe soll (mat Ausnam vun der Insel Vancouver)
14. Juni: Den John Charles Fremont erkläert Kalifornien onofhängeg vu Mexiko.
28. Dezember: Iowa gëtt den 29. Bundesstaat vun den USA.
Südamerika
Asien
10. Februar: D'Britte gewanne mat der Schluecht vu Sobraon géint d'Sikh-Arméi aus dem Punjab den Éischte Sikh-Krich an Indien.
10. Mäerz: Nom Doud vu sengem Papp gëtt de Kōmei neie Keeser vu Japan.
15. September: De pro-britteschen Offizéier Jang Bahadur Rana putscht sech am Nepal un d'Muecht. Seng Famill stellt vun do un, fir iwwer 100 Joer de Ministerpreseident.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1846, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.