Kamerun: Staat an Zentralafrika

Kamerun: Geschicht, Kuckt och, Um Spaweck Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Republik Kamerun (op Franséisch République du Cameroun an op Englesch Republic of Cameroon), ass e Staat an Zentralafrika.

République du Cameroun
Republic of Cameroon

Fändel vum Kamerun

Kamerunescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: "Paix, travail, patrie" / "Peace, Work, Fatherland"
(lëtz.: Fridden, Aarbecht, Heemecht)
Kamerun: Geschicht, Kuckt och, Um Spaweck
Offiziell Sprooch: Franséisch, Englesch
Haaptstad: Yaoundé
 • Awunner: 2 500 000
Staatsform: Republik
 • President: Paul Biya
 • Premierminister: Joseph Dion Ngute
Fläch: 475 442 km² (54.)
 • Dovu Waasser: 0.57 %
Bevëlkerung: 23 130 708 (54.)
 • Bevëlkerungsdicht: 39.7/km²
Onofhängegkeet: 1. Januar 1960 (vu Frankräich)
1. Oktober 1961 (Reunification mat British Cameroons)
Nationalfeierdag: 20. Mee
Nationalhymn: Chant de Ralliement
Wärung: Zentralafrikaneschen CFA-Frang (XAF)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .cm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+237

Déi gréisste Stad ass d'Wirtschaftsmetropole Douala, d'Haaptstad Yaoundé ass déi zweetgréisst Stad.

Geschicht

1472 sinn d'Portugisen als éischt Europäer an d'Regioun komm an hunn dem haitege Floss Wouri den Numm Rio dos Camarões (Floss vun de Crevettë) ginn, well e voll mat Crevettë war. Bis 1884 gouf den Territoire vum haitege Kamerun vu villen ënnerschiddleche Volleksgruppe besidelt. Vun 1884 bis zum Éischte Weltkrich war de Kamerun eng däitsch Kolonie. Déi däitsch Administratioun huet den Numm Kamerun fir d'éischt fir d'Regioun ëm Douala, duerno fir d'ganzt Land benotzt.

1916 hunn déi Däitsch no der Interventioun vu franséischen, britteschen a belschen Truppen de Kamerun verluer. Vun 1919 u war de Kamerun e Mandatsterritoire vum Vëlkerbond, dee vu Frankräich a vu Groussbritannien verwalt gouf. Duerfir ass déi fréier Kolonie an zwee gedeelt ginn, a Frankräich krut dobäi véier-Fënneftel vum Territoire. No der Opléisung vum Vëlkerbond an der Kreatioun vun der UNO nom zweete Weltkrich gouf de Statut vun den zwee Kamerunen an dee vun Treihandmandater ëmgewandelt, mam offiziellen Zil, eng Eegeverwaltung z'erreechen. An den 1950er huet eng intensiv Onofhängegkeetsbeweegung fir Onrouen am vu Frankräich verwalte Kamerun gesuergt. D'Haaptforce war dobäi d'Union des populations du Cameroun (UPC), där hire Leader Ruben Um Nyobé 1958 vu Frankräich ëmbruecht gouf.

Den 1. Januar 1960 krut de franséischen Deel seng Onofhängegkeet. Den 1. Oktober 1961 huet sech den onofhängege Staat Kamerun mat dem südlechen Deel vun deem vu Groussbritannien verwalte Kamerun (British Southern Cameroons) zu der onofhängeger Federaler Republik Kamerun vereenegt. Den Norde vum brittesche Kamerun (British Northern Cameroons) huet sech fir eng Vereenegung mat Nigeria entscheet. Déi zwou offiziell Sprooche vum neie Staat waren a si Franséisch an Englesch.

Den éischte President Ahmadou Ahidjo huet sech als autoritäre Leader etabléiert a seng Partei, d'National Kamerunesch Unioun, gouf 1966 zur eenzeg legaler Eenheetspartei ausgeruff. 1972 huet hien d'Federatioun opgeléist an duerch en Eenheetsstaat ersetze gelooss. Hien ass 1982 zeréckgetrueden a gouf vum deemolege Premierminister an haitege President Paul Biya ersat.

Mëtt der 1980er bis an d'spéit 1990er Jore war d'Land mat Wirtschaftskrise geplot, déi duerch international Wirtschaftskonditiounen, Dréchenten, niddreg Pëtrolspräisser a jorelaang Korruptioun a schlechte Management ausgeléist goufen. 1990 gouf de Multipartismus erëm agefouert, wat ënner anerem dozou gefouert huet dat den anglophonen Deel eng méi staark Autonomie oder souguer Onofhängegkeet gefuerdert huet.

Zanter 2013 ass déi fundamentalistesch Terrororganisatioun Boko Haram aus Nigeria am Norde vum Land aktiv, wat eng grousse Onsécherheet an de Regiounen Extrême-Nord an Nord als Folleg huet.

Kuckt och

Referenzen

Um Spaweck

Commons: Kamerun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Kamerun GeschichtKamerun Kuckt ochKamerun Um SpaweckKamerun

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Léon LavalWaldbëlleger AffärAuriga (Stärebild)Claudine MunoPäischtenErnst HaeckelMensterGeorges ChristenJean AsselbornJean-Claude JunckerKleeschenAuteursrechtAloyse KayserKatarCoco ChanelGriichelandHenri vu LëtzebuergRtl.luMars Science LaboratoryOns HeemechtHärebiergMonoceros (Stärebild)Judd mat GaardebounenLeo (Stärebild)Gemeng Useldeng1702Demokratesch ParteiScott McKenzieLatexgezeiGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichSarah SchreiberVéronique FauconnetElektronikArmand ThillEllipsoidObeliskLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëntgen1177Telly SavalasPlace de Paris (Stad Lëtzebuerg)JemenFluchhafenAli RuckertMartine DeprezFernand KoenigEnglandMessier 89Kallisto (Mound)Wladimir Wladimirowitsch Putin1. MeeFornax (Stärebild)WaasserEdmond WagnerCharlotte vu LëtzebuergJean vu LëtzebuergGemeng DéifferdengChristian Schartz1507OktoberE Buch am ZuchFeilNeuffontainesSerge Tonnar8. Joerhonnert v. Chr.19711969DoctenaFoni TissenMedicoleak27. MeeMarie-Astrid vu Lëtzebuerg🡆 More