Heiansdo kënnt et vir, datt verschidden Artikelen zu ganz verschiddenen Themen deeselwechten Titel hunn.
Dat nenne mer Homonymie (op der englescher Wikipedia: disambiguation).
An enger Enzyklopedie op Pabeier ass dëst kee gréissere Problem, well déi verschidden Artikelen einfach noenee gedréckt ginn. An enger elektronescher Enzyklopedie ass dat natierlech net méiglech a stellt dowéinst e Problem duer.
Dofir sinn hei e puer Erklärungen an eng Homonymie-Säit noutwänneg. Fir all aner Froen zur Nennung vun den Artikelen, liest wgl. den Artikel Wiki: Nummkonventiounen.
Fauschtregel: Wann e Wuert déi selwecht Bedeitung huet, mä a verschiddenen Zesummenhäng virkënnt, gehéiert alles an een Artikel. Wann awer e Wuert total verschidde Bedeitungen huet, muss eng Homonymiesäit zur Erklärung ugeluecht ginn, an all Artikel eenzel geschriwwe ginn.
Indikatiounen a Beispiller:
Wa bei engem Wuert méi Méiglechkeeten a Fro kommen, wouvun all eenzel Méiglechkeet zimmlech populär ass (zum Beispill Jupiter), sou soll d'Schlagwuert, an dësem Fall Jupiter, op d'Homonymiesäit féieren. Op dëser Säit ginn déi eenzel Bedeitunge mat korrektem Link opgelëscht an um Ufank vum Artikel steet de Message {{Homonymie}} (oder ee vun de spezialiséierte Messagë fir Persounen, Familljennimm oder Ofkierzungen):
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wiki Lëtzebuergesch. |
Et gi verschidde Wierder, déi duerch de Kontext automatesch mat enger bestëmmter Bedeitung associéiert ginn, an an dësem Fall soll den Haaptlink och op déi Säit féieren. Op där Säit selwer soll dann e Message hannerlooss ginn am Stil "Dësen Artikel beschäftegt sech mat XX als YY. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. XX (Homonymie)" (mat der Schabloun {{Aner Bedeitungen}} oder enger nach méi spezialiséierter Schabloun).
Als Beispill: Hollywood
Dee Moment ass et einfach méi logesch, Hollywood als Haaptartikel ze gebrauchen, an net als Homonymiesäit. Esou eng Homonymiesäit soll awer trotzdeem ugeluecht ginn, als Hollywood (Homonymie).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:Homonymie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.