Wäschbier

De Wäschbier (Procyon lotor) ass e Raubdéier aus der Famill vun de Klengbieren aus Nordamerika.

Zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert lieft en als Neozoon um europäische Festland, am Kaukasus an a Japan, wou en ausgesat gouf oder aus der Gefaangenschaft fortgelaf war.

Wäschbier
E Wäschbier.

E Wäschbier.
E Wäschbier.
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Klengbieren (Procyonidae)
Gattung: Wäschbieren (Procyon)
Wëssenschaftlechen Numm
Procyon lotor
Linnaeus 1758

Beschreiwung

Wäschbieren erkennt ee liicht un hirer charakteristescher schwaarz-wäisser Gesiichtsmask an hirem horegen, gesträiften, 20 bis 40 cm laange Schwanz. Se hunn e breede Kapp mat enger spatzer Schnëss, kuerz, ofgeronnt Oueren, e gedrongene Kierperbau a laang Been. Hire Pelz ass groelzeg-brong bis donkelgro. D'Zéiwe vun de viischte Patten sinn zimmlech laang a kënnen auserneegespreet ginn. D'Neel kënnen net eragezu ginn.

Wäschbiere sinn, vum Kapp bis zum Hënner, ronn 50 bis 90 cm laang a weien 3 bis 15 kg.

Se liewen eleng oder a klenge Famillen. Se sinn net territorial, och wann et seelen ass datt d'Wunngebidder vu Männercher sech iwwerschneiden. D'Wäschbiere si virun allem nuets aktiv. Am Dag schlofen se gewéinlech an Hielen, Lächer a Beem, oder verloossene Vullennäschter. Se hale kee Wanterschlof, bleiwen awer an hirer Stopp wann et ze kal oder ze naass ass.

Wäschbieren trëppele lues, mam Kapp no beim Buedem, kënnen awer séier lafe wann et muss sinn. Se kënnen och gutt schwammen a kloteren. Hire Gerochs- an Taaschtsënn ass gutt entwéckelt, an hëlleft hinnen d'Friessen ze fannen.

Se si gewéinlech schei, mä kënne méi keck ginn, wa s'an der Géigend vu Mënsche wunnen an u si gewinnt sinn.

Se sinn Allesfrësser, a friesse klengt Gedéiesch (Schleeken, Wierm, Amphibien, Mais, Insektelarven, Fësch, Eeër a kleng Vigel), mä och Friichten, Nëss, Bieren, Kären oder, an der Emgéigend vu Mënschen, Iessensreschter déi s'an Dreckskiwwele fannen.

Wäschbiere verkoppele sech am Januar-Februar, déi meeschtens 4-5 Jonk kommen no 60-73 Deeg op d'Welt. Se ginn no annerhallef bis 4 Méint gespéint. Duerno bleiwen se gewéinlech bis den Hierscht bei der Mamm, deemno wéi och de Wanter iwwer, a sinn dann uganks vum nächste Joer erwuessen a prett, sech ze reproduzéieren. Wäschbiere kënne bis zu 16 Joer al ginn, dacks awer just eng siwen, a wa se gefaange sinn, och alt emol bis 20 Joer.

An Amerika liewen d'Wäschbieren tëscht Kanada a Panama, am léifsten a Lafbëscher, mä se kënne sech un aner Habitater upassen. An Europa goufe s'op verschiddene Plazen agefouert, fir, wéinst hirem Pelz, se ze joen oder ze ziichten. Als Neozoe verbreede se sech vun deene Plazen, wou se ausgesat goufen (oder ausgebéckst sinn).

Zanter dem 1. Januar 2015 gëlle s'als onerwëscht invasiv Aart an der Europäescher Unioun, där hir Ausbreedung verhënnert soll ginn.

De Wäschbier zu Lëtzebuerg

Eenzel Exemplare vum Wäschbier sinn anscheinend schonn 1966 zu Lëtzebuerg gesi ginn. Definitiv ass hien awer eréischt vun ca. 1977 un am Land etabléiert, mat enger éischter Populatioun am Éislek. Am Januar 1980 ass e groussherzoglecht Reglement geholl ginn, dat Moossname virgesinn huet, fir d'Verbreedung vum Wäschbier zu Lëtzebuerg z'ënnerbannen.. Et konnt awer net verhënnert ginn, datt hie sech weider am Land verbreet huet. Zanter 2011 ass de Wäschbier offiziell e Wëld, op dat Juegd gemaach ka ginn. Eng 600 bis 800 Exemplare ginn all Joers geschoss.

Um Spaweck

Commons: Procyon lotor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Wäschbier BeschreiwungWäschbier De zu LëtzebuergWäschbier Um SpaweckWäschbier20. JoerhonnertEuropa (Kontinent)Famill (Biologie)JapanKaukasusKlengbierenNeozoonNordamerikaRaubdéieren

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AngelsbiergCoco ChanelZentralasienNivellement général du LuxembourgUS-Dollar5. DezemberBouferLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestGemeng StadbriedemesGare LëtzebuergPôle Nord (Stad Lëtzebuerg)David GoldrakeCôte de la Roche-aux-fauconsHelperknappGrenzerkierch Esch-UelzechtHelzerklausUEFAGoldfinger4. JuliMeris ŠehovićGeorge S. PattonBuerg SimmerLëtzebuerg (Land)SchueberfouerLuxemburger WortApple MacintoshNapoleon BonaparteTschechesch RepublikKlimaPascal DebraCFL 3600DräilännereckZäitzon19. AbrëllConseil fir d'Lëtzebuerger SproochGemeng MunnerefDe FeierwonHotel Grand-Chef20051827Gaston ReineschLChrëschtlech-Sozial JugendFC Blo-Wäiss IzegDavid CarradineAusterechampignonBundesstaat vun den USAPaul WilwertzJoseph KutterStauséi UewersauerJoerBenjamin KruithofJean NicolasBelizeAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachRTL Télé LëtzebuergGemeng HelperknappLiège-Bastogne-Liège 2022Diddelenger SchmelzTun TonnarIvan BassoFrankie HansenStaatsrot (Lëtzebuerg)Henri WerlingEric FalcheroHelsemHaaptsäitSteve KasparHenri vu LëtzebuergCôte de La RedouteK10. Januar🡆 More