D'Klengbieren (Procyonidae) sinn eng Mamendéierfamill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora) zu där ronn 20 Aarten, ë. a.
d'Nuesbieren an d'Makibiere gehéieren.
Klengbieren | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Südamerikaneschen Nuesbier (Nasua nasua) | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Procyonidae „Gray“ 1825 | |||||||||||||||
Ënnerfamilljen | |||||||||||||||
Potosinae |
Zu de Klengbiere goufe fréier och d'Pandae gezielt. Haut awer gehéiert de Grousse Panda zu de Groussbieren an de klenge Panda oder Kazebier stellt eng eege Famill (Ailuridae) duer.
Zu de Klengbiere gehéieren d'Kazefrettecher, d'Wäschbieren, d'Wéckelbieren an d'Nuesbieren. Si liewen all an Amerika. Duerch d'Fräisetzen huet sech de Wäschbier och an Europa, an Ostasien an a Japan ausgebreet.
Commons: Klengbieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Klengbieren, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.