D'University of California Los Angeles (UCLA) gouf 1919 gegrënnt an ass deen zweetgréisst Campus vun der University of California.
D'UCLA ass eng vun de renomméiertste Universitéite vun der Welt a steet am Staddeel Westwood vu Los Angeles. Besonnesch d'Business School, d'John E. Anderson Graduate School of Management, erreecht all Joer Top-Rankingen. Am USNews-Ranking vun 2009, iwwer all US-amerikanesch Business Schools hat si d'Plaz 7, nach virun der Havard Business School oder Berkeleys Haas Business School.
Universitéit vu Kalifornien
University of California, Los Angeles (UCLA)
Typ
staatlech Fuerschungsuniversitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA, Universitéit, Campus, Organisatioun
D'Universitéit ass zanter 1927 zu Westwood Village tëscht Belair a Beverly Hills, virdun war si an der Vermont Avenue. D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, an där déi wichtegst fuerschungsintensiv nordamerikanesch Universitéiten zesummegeschloss sinn.
D'UCLA gëllt als eng vun de renoméiersten Héichschoule vun der Welt.
D'UCLA beleet am Times Higher Education Ranking 2010 vun den 200 beschte Universitéite weltwäit déi 11. Plaz nach virun der Columbia University zu New York oder de Ivy League-Universitéite University of Pennsylvania (Upenn) a Cornell University.
D'UCLA steet op Plaz 12 vum Newsweek Ranking weltwäit.
2007 an 2008 erreecht d'UCLA déi 13. Plaz weltwäit an der berüümten Top 500 World Universities-Ranking vum Institute of Higher Education at Shanghai Jiao Tong University.
Si gouf vun de U.S. News and World Report 2008 als drëttbescht ëffentlech Universitéit vun den USA agestuuft.
An der Newsweek-Editioun vum 21.–28. August 2006 gouf d'UCLA als eng vun de „New Ivies” opgelëscht.
D'Washington Monthly placéiert d'UCLA op Plaz 2 an den USA a baséiert sech op Krittäre wéi Fuerschung, community service a social mobility.
d'SCImago Institutions Ranking (SIR) placéiert d'UCLA op Plaz 9 vun de 100 weltwäit beschte Recherche-Institutiounen.
Michael Dukakis – Demokratesche Presidentschaftskandidat, fréiere Gouverneur vu Massachusetts
Al Gore – Demokratesche Presidentschaftskandidat, fréiere Vizepresident vun de Vereenegte Staaten
Warren Christopher – fréiere Justizminister ënner dem US-President Lyndon B. Johnson, Vizeausseminister ënner dem US-President Jimmy Carter an Ausseminister ënner dem US-President Bill Clinton.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Universitéit vu Kalifornien (Los Angeles), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.