Télécran: Periodique

Den Télécran.

Das Luxemburger Magazin ass eng lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Éditions Plus erausgi gouf. Dohanner stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.

Télécran: Chefredakteren, Zuelen, Soss
De Logo (zanter Oktober 2016)

Am Oktober 1978 huet d'St.-Paulus-Dréckerei d'Zäitschrëft ganz iwwerholl, de Rémy Franck gouf Chefredakter. Mat der Revue louch den Télécran méi wéi eemol am Clinch - och alt viru Geriicht - wien déi héchst Oplo hätt.

Chefredakteren

  • 1978–1990 Rémy Franck
  • 1990–1995 Carel Scheltgen
  • 1995–2004 Fern Morbach
  • 2004–2008 Roland Arens
  • 2008–2013 Claude François
  • 2013-? Fern Morbach (resposabel); Chefredakter vun alle Medie vu Saint-Paul: Jean-Lou Siweck
  • ?-haut: Martine Hemmer.

Zuelen

Oplo

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000
37.357 ... 33.485 32.760 32.534 31.846 31.734

Lieserstatistik

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 34,3 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch den Télécran gelies. 2006/2007 waren dat der 33,60%; 2007/2008 31,80% an 2008/2009 31,50%. D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach. 2011 waren et 28,50 %

Tëscht 2009 an 2016 ass d'Lieserschaft ëm e Véirel zeréckgaangen.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 93.500 Leit iwwer 15 Joer den Télécran gelies (19,4 % vun der Wunnbevëlkerung).

Pressehëllef

2011 huet den Télécran 401 758 € staatlech Pressehëllef kritt.

Soss

Télécran: Chefredakteren, Zuelen, Soss 
De Logo (2007-2016).

De Layout

De Layout gouf mat der Nummer vum 6. Oktober 2016 fir d'lescht geännert. Dee vu virdrun war den 2. Mee 2007 agefouert ginn. Deemools war d'Format e bësse vergréissert ginn, an en neit Schrëftbild a "großzügige Freiflächen" waren ageriicht ginn.

Kuriéises

De Begrëff "Télécran" ass e sougenannt Portmanteau-Wuert, dat an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four, fir den englesche Begrëff telescreen fir d'éischt gebraucht gouf. Gemengt domat sinn do eng Zort Iwwerwaachungsecranen, déi gläichzäiteg Videobiller senden an Iwwerwaachungskamera sinn.

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Télécran ChefredakterenTélécran ZuelenTélécran SossTélécran Um SpaweckTélécran197821. JanuarLëtzebuerg (Land)Revue (Zäitschrëft)Saint-Paul LuxembourgZäitschrëft

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Atert (Provënz Lëtzebuerg)19453Jean FohrmannLëscht vu lëtzebuergesche FilmerDagMarc RomersaDany PrumBack in TroubleMullebutz1891Fausto CoppiZwitterPhilippe SchausWaasserbëllegAlexander WeyerBillie Joe Armstrong1929JoerhonnertAthénée de LuxembourgUtahLambert HerrPar Dikrich Le Bon PasteurNationalstrooss 10CLuxairLëtzebuergeschÄischdall195715Franz MuxenederLycée classique d'EchternachKouert25Jéinesch86Dominique SandaKapstadAmedeo ModiglianiBakuRobert GoebbelsCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergGemeng KiischpeltIernzenKlausCarl BenzChiang Kai-shek90219Marcel Schlechter51170Charles GoerensDidier28OperAndy BauschLëscht vun de Staate vun der Welt20041900Cédric AnenSteve Thull19471931Ed LauterTréierQuébec24Kölsch (Sprooch)🡆 More