Den Theorème vum Euklid ass e Resultat aus der elementarer Zuelentheorie, dat seet, datt et onendlech vill Primzuele gëtt.
Am Laf vun der Geschicht sinn eng ganz Parti verschidde Beweiser fir déi Ausso fonnt ginn. Den eelste Beweis ass als 20. Propositioun am néngte Buch vun den Elementer vum Euklid vun Alexandria iwwerliwwert. Weider Beweiser goufe vu Leit wéi dem Christian Goldbach, dem Leonhard Euler, asw. fonnt. Dem Euklid säi Beweis funktionéiert sou:
Wa mer unhuelen, datt et nëmmen endlech vill Primzuele gëtt, a mer nenne se , da kënne mer déi natierlech Zuel definéieren. No dem Lemma vum Euklid gëtt et eng Primzuel , déi deelt. Da ka awer net zu de Primzuele gehéieren, well soss gläichzäiteg en Deeler vun (no Konstruktioun vun ) an (no der Definitioun vum Deeler) wier. Also misst och d'Differenz vun deenen zwou Zuelen deelen, ma déi ass an dat ass onméiglech. Aus dësem Widdersproch geet ervir, datt een nimools an engem endlechen Ensembel alleguer d'Primzuele kann zesummefaassen, an et der deemno onendlech vill muss ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Theorème vum Euklid, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.