D'Séischluecht virum Skagerrak war déi gréisst Séischluecht vum Éischte Weltkrich tëscht der däitscher Flott an der Grand Fleet vun der Royal Navy.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Skagerrakschluecht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Skagerrak (Homonymie). |
Skagerrakschluecht | ||
---|---|---|
Agesat Schëffer | Brittesch Flott | Däitsch Flott |
Schluechtschëffer | 28 | 16 |
Schluechtkräizer | 9 | 5 |
Panzerkräizer | 8 | - |
Eeler Linneschëffer | - | 6 |
Kleng Kräizer | 26 | 11 |
Kleng Schëffer (Zerstéierer, Torpedoboter asw.) | 80* | 61 |
Schwéier Artillerie (Kaliber) | 48 - 38,1 cm 10 - 35,6 cm 142 - 34,3 cm 144 - 30,5 cm 36 - 23,4 cm | 144 - 30,5 cm 100 - 28,0 cm |
Geschëtzer (all Kaliberen) | 1850 | 1194 |
verfeiert Munitioun | 4598 Schwéier keng Angab | 3597 Schwéier 9252 Liicht |
Treffer | 100 Schwéier 42 Liicht | 120 Schwéier 107 Liicht |
Torpedoréier | 382 - 53,3 cm 75 - 45,7 cm | 362 – 50 cm 107 – 45 cm |
*77 Zerstéierer / 1 Fligerdréier / 1 Minneleeër / 1 Tender | ||
Zousätzlich waren 10 däitsch Marinneloftschëffer fir Opklärungszwecker am Asaz |
Si huet sech vum 31. Mee 1916 bis 1. Juni 1916 an de Gewässer viru Jütland ofgespillt a gëtt am Engleschen als Battle of Jutland bezeechent. Si war déi gréisst Séischluecht tëscht grousse Krichsschëffer. Si gouf haaptsächlech bei Dagesliicht ausgedro. Wann een d'Zuel vun de Schëffer kuckt, déi engagéiert waren, war et warscheinlech souguer déi gréisst Séischluecht an der Weltgeschicht.
Commons: Skagerrakschluecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Skagerrakschluecht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.