08 Hms Royal Oak

08 Hms Royal Oak Dësen Artikel beschäftegt sech mat der HMS Royal Oak (08). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Royal Oak (Homonymie).

08 Hms Royal Oak Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'HMS Royal Oak war e brittescht Schluechtschëff, an dat eeleft Schëff mat deem Numm. Si huet zur Revenge-Klass gehéiert, an ass de 17. November 1914 bei den Devonport-Werften zu Devon vum Stapel gelaf.

HMS Royal Oak (08)
D'HMS Royal Oak, 1937
D'HMS Royal Oak, 1937
Déngschtzäit
08 Hms Royal Oak
Bauwerft: Devonport Dockyard
Op Kiel gesat: 15. Januar 1914
Stapellaf: 17. November 1914
An Déngscht gestallt: 1. Mee 1916
Schicksal: Versenkt de14. Oktober 1939
Technesch Daten
Waasserverdrängung: Normal: 28.000 ts
Maximal: 31.200 ts
Längt: Waasserlinn: 189 m
am Ganzen: 190,3 m
Breet: virum Ëmbau: 27 m
duerno: 31,2 m
Déifgank: 8,9 m (33 ft 7")
Ugedriwwe mat: 4 Wellen matParson-Gedriww op
Dampturbinne gekoppelt
18 Yarrow-Dampkesselen
40,000 shp (30 MW)
Vitess: 20 Kniet (37 km/h)
Aktiounsrayon: 4.000 sm (7.400 km)
Kraaftstoffreserve: 1.040 - 1.146 t
Bewaffnung: Kanounen:
8 × 381 mm (15 inch)

12 × 152 mm (6 inch)8 × 102 mm (4 inch) Flak16 × 2 lb (4 cm/900 g)Torpedoen:4 × 533 mm-Réier

Si war dat éischt Schluechtschëff, dat am Zweete Weltkrich versenkt gouf, an zwar vum däitschen U-Boot, U-47 ënner dem Kapitänleitnant Günther Prien, am Laf vun der Operatioun Scapa Flow.

Geschicht

Éischte Weltkrich

Si huet am Éischte Weltkrich hiren Déngscht haaptsächlech bei der Grand Fleet mat Heemechtshafe Scapa Flow gemaach. Den 31. Mee 1916 huet se ënner dem Kommando vum Kapitän C. MacLachlan un der Skagerrakschluecht deelgeholl, an ass ouni Schued zeréckkomm.

Zweete Weltkrich

An der Nuecht vum 13. op de 14. Oktober 1939 gouf d'Schëff op senger Ankerplaz zu Scapa Flow vum däitschen U-Boot U 47 ënner dem Kommando vum Günther Prien ugegraff. D'U 47 huet am éischten Ulaf zwéin Torpedoen op d'Royal Oak ofgefeiert, déi awer net explodéiert sinn. Well d'U 47 net entdeckt gouf, konnt et en zweeten Ulaf huelen. Déi zweet Attack hat Erfolleg. Duerch zwéin Torpedotreffer gouf Royal Oak versenkt. 833 Mann vun der Besatzung sinn dobäi ëmkomm.

En drëtten Torpedo huet och getraff. No offizielle brittesche Meldunge war et de Waasserfligerdréier HMS Pegasus dee getraff gouf, an net de Schluechtkräizer HMS Repulse wéi de Prien ugeholl hat.

De Wrack haut

De Wrack läit op der Positioun 58° 55’ 00’’ N 02° 59’ 00’’ W op 30 m Déift op der Backbordsäit mam Kiel no uewen. Bei guddem Wieder kann een de Wrack gesinn. Aus Pietéit an am Intressi vum Schutz vu militäreschen Iwwerreschter ass an engem Ëmkrees vun 300 m d'Dauche verbueden.

Literatur

  • Siegfried Breyer, Schlachtschiffe und Schlachtkreuzer 1905-1970, J. F. Lehmanns Verlag München, 1970, ISBN 3-88199-474-2
  • Rod Macdonald, Dive Scapa Flow, Mainstream Publishing Edinburgh/London, 2000, ISBN 1-85158-983-X
  • Alan Raven und John Roberts, Die britischen Schlachtschiffe des 2. Weltkrieges, Band 1, Bernard & Graefe Verlag München, 1980, ISBN 3-7637-5191-2
  • A. Korganoff: Prien gege Scapa Flow, 3. Auflage, 1989; Motorbuch Verlag, Stuttgart; ISBN 3-87943-497-2
08 Hms Royal Oak 
D'Royal Oak bei Jutland, Tableau (William L. Wyllie, R.A.)

Um Spaweck

Commons: HMS Royal Oak (08) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

08 Hms Royal Oak Geschicht08 Hms Royal Oak De Wrack haut08 Hms Royal Oak Literatur08 Hms Royal Oak Um Spaweck08 Hms Royal Oak

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

BelschSchëld E, 23bRTL Radio Lëtzebuerg1057Lycée de garçons d'Esch-sur-AlzetteAllënsterDrëttel-ReegelLycée Hubert-ClémentHaaptsäitTelefonAllemagne-en-Provence10. AbrëllHannes AlfvénArelMeeFrankräichJuddentumGei19. AugustBlog2016Bruno GanzWilhelm II. vun DäitschlandBloderkrautËffentlecht Etablissement (Lëtzebuerg)Bisamrat25. Juni15. AugustGrad (Wénkel)U-Boot1685Saturn (Planéit)Koordinéiert WeltzäitNeubrasilien2022PsychologieSchuedi2018Mozilla FirefoxBéibregChrëschtdagNGC 168120219. DezemberZens (Stad Lëtzebuerg)Bungerëffer MillenFrederic ForrestEkologie1891Edy SchützRusty BoysAustralienLëtzebuerger Kantonen1857PlacentaliaChileAtert-Lycée28. DezemberLibanonSchëld F, 21a1961The New York TimesNicolas GrangC++Félix ThyesEddie Constantine1906Geschicht🡆 More