Shkodra, op Albanesch och Shkodër, vereelzt Skutari, ass eng Stad am Norde vun Albanien, eppes iwwer 20 km vun der Grenz mam Montenegro ewech.
Se läit tëscht dem Skutariséi an de Flëss Kir, Drin a Buna.
Se gouf viru ronn 2400 Joer mam Numm Scodra als Residenzstad vun den Adriäer, engem illyresche Stamm gegrënnt. Zanterhier ass et e regionalen administrativen a kulturellen Zentrum. Hautdesdaags ass et de Chef-lieu vum Qark Shkodra. D'Stad huet 142.513 Awunner (Stand: 2011) an ass déi fënneftgréisst Stad vum Land.
Bis 2015 war Shkodra eng eegestänneg Gemeng, gouf dunn awer mat aneren aus dem Arrondissement Shkodra zesummegeluecht.
Commons: Shkodra – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Shkodra, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.