D'Buerg Rozafa (Albanesch: Kalaja e Rozafës) ass eng Buerg no bei der Stad Shkodër, am Nordweste vun Albanien.
Se steet imposant op engem kleng Bierg, eng 130 m iwwer dem Mier, mat ronderëm de Flëss Bojana an Drin.
Wéinst senger strategescher Lag war den Hiwwel schonn zanter der Antiquitéit besidelt. Et war eng illyresch Festung, ier d'Réimer se 167 v. Chr. eruewert hunn
Dat wat haut nach vun der Festung erhalen ass, huet gréisstendeels venezianesch Originnen. D'Buerg war d'Schauplaz vu berüümte Belagerungen, där vu Shkodra duerch d'Osmanen, 1478, an där vun de Montenegriner, 1912.
Eng Besonneschkeet ass d'Ruin vun enger Kierchemoschee. Si gouf warscheinlech géint Enn des 13. oder Ufank des 14. Joerhonnert als Kierch gebaut a war dem hellege Stefan geweit, a gouf 1479 no der Eruewerung vu Shkodër duerch d'Osmanen an eng Moschee ëmgewandelt. Et erkennt een nach d'Kiercheschëff an den ënneschten Deel vun engem Minarett, dee spéider bäigebaut ginn ass.
D'Schlass a seng Ëmgéigend sinn haut en archeologesche Park.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Buerg Rozafa, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.