Schank

Eng Schank (op Latäin a Franséisch: os), och nach Knachen, ass e rigid Organ, dat bei de meeschte Wierbeldéieren en Deel vum Skelett ass.

Schank Dës Säit beschäftegt sech mat dem Organ Schank. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schank (Homonymie).

Schanke schützen déi verschidden aner Organer vum Kierper, bilde rout a wäiss Bluttkierpercher, späichere Mineralien, ginn dem Kierper Struktur an Halt an erméiglechen d'Mobilitéit. Schanke gëtt et a verschiddene Formen a Gréissten. Se hunn eng komplex bannescht a baussenzeg Struktur. Se si liicht, mee trotzdeem stabil an haart an erfëllen e puer Funktiounen.

Schank
Eng Schank aus Alaska vun enger ausgestuerwener Elefantenaart
Schank
Schemateschen Opbau vun enger Rouerschank (op Englesch)

De Schankentissu (de: Knochengewebe, fr: tissu osseux), deen och meescht einfach als Schank bezeechent gëtt, ass eng Aart spezialiséiert Bindegeweebe (fr: tissu conjonctif). Et huet bannen eng Matrix a Form vu Waben, déi der Schank hir Festegkeet gëtt. De Schankentissu setzt sech aus verschiddenen Aarte vun Zellen zesummen. Osteoblasten an Osteozyten bedeelege sech un der Formatioun a Mineraliséierung vun der Schank; Osteoklasten hëllefe bei der Resorptioun vum Schankentissu. Modifizéiert (ofgeflaacht) Osteoblasten bilden d'Auskleedungszellen, déi eng Schutzschicht op der Schankenuewerfläch bilden. Déi mineraliséiert Matrix vum Schankentissu besteet aus enger organescher Komponent, déi haaptsächlech aus Kollagen, dem Ossein, besteet, an engem anorganescher Komponent, dem Schankemineral, dat sech aus verschidde Salzer zesummesetzt. Schankentissu ass mineraliséierten Tissu. Zu den aneren Tissusaarten, déi an de Schanken ze fanne sinn, zielen ënner anerem d'Muerch, d'Nerven, d'Bluttgefäässer an d'Knorpelen.

De mënschleche Kierper besteet bei der Gebuert aus ronn 300 Schanken, vun deenen der vill wärend der Entwécklung matenee verwuessen. Beim Erwuessene bleiwen am Ganzen 206 eenzel Schanken iwwreg, woubäi déi vill kleng Sesambeen net matgezielt ginn. Déi gréisst Schank am Kierper ass d'Schank an der Cuisse, déi klengst de Steigbigel (de: Steigbügel, fr: étrier) am Mëttelouer.

Dat griichescht Wuert fir Schank ass ὀστέον ("osteon"); dohier kommen déi vill Begrëffer, déi et als Virsilb gebrauchen, wéi zum Beispill Osteopathie oder Osteoporos. An der anatomescher Terminologie, dorënner am internationale Standard Terminologia Anatomica, ass d'Wuert fir eng Schank os.

Um Spaweck

Commons: Schanken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

OrganSkelettWierbeldéieren

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Claude ChristnachEdfu1949Ed LauterAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachNico ReisdorffHelzerklaus1788Serge TonnarIrlandJang de BlannenClaude WeyLou LinsterMedicoleakRektum.jpKapitalismusRTL GroupJoost MeesBenjamin KruithofBuddhismusBatty Weber2007Juegd zu LëtzebuergOktav-MäertchenAntonius HovaeusGemeng PéitengGérard ValeriusHei elei, kuck eleiCampus GeesseknäppchenNaturschutzgebitt SaueruechtOdessaCôte de la Roche-aux-fauconsKonter a Matt9. JuliLaos2009Gemeng DiddelengNicoolChauvet-HielLiège-Bastogne-Liège 20201934StéckstoffPaul RicoeurBundesstaat vun den USAUS-DollarAlain DecauxCFL 5519Foussgängerbréck beim MudamJean NicolasChicagoLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmC++Pierre Nimax Jr.AngelsbiergMichel GehrendMarie HeinzGoldfingerGemeng LennengLëtzebuerger ConstitutiounÉislekHelperknappRiselenWikimediaLëscht vun den internationalen TelefonsprefixenPhilippinnen🡆 More